Volt Luxembourg (LB) | Neiegkeeten
Lëtzebuerg huet an deene leschte Jore wichteg Fortschrëtter gemaach. Besonnesch déi rezent Verfassungsännerung, déi d'Recht op Ofdreiwung stäerkt, ass e bedeitende Schrëtt an d'Richtung vun der Selbstbestëmmung vun de Fraen. Dëst Recht muss permanent geschützt bleiwen, an mir begréissen dës Ännerung.
Gläichzäiteg däerfe mir awer net do ophalen. D'JIF huet kloer politesch Fuerderunge formuléiert. Vill vun dëse Fuerderungen decke sech mat de Wäerter an de politeschen Ziler vu Volt. Besonnesch ënnerstëtze mir Moossname fir e méi gerechten an inklusive Gesondheets- a Sozialsystem, souwéi fir méi Selbstbestëmmung iwwert den eegene Kierper.
Dofir fuerdere mir ënnert anerem:
Universellen a bedéngungslosen Zougang zu Gesondheetsversuergung fir all Persounen, déi a Lëtzebuerg liewen – onofhängeg vum administrative Status, Akommes oder Versécherungsstatus. Gesondheet däerf net zu engem Produit ginn, mä muss als e Bien collectif organiséiert ginn.
Den Ausbau vun engem op Solidaritéit baséierten ëffentleche Gesondheetssystem, zum Beispill duerch ëffentlech Gesondheetszentren, besser Aarbechtsbedéngungen am Gesondheetssecteur, d'Erweiderung vum 'tiers payant'-System an déi vollstänneg Ofdeckung vun den néidege Behandlungen, psychesch Betreiung inclus.
De konsequente Kampf géint geschlechtsspezifesch Ongläichheeten an der Medezin, zum Beispill duerch méi Fuerschung an der Gesondheet vun de Fraen, d'Unerkennung vu bis ewell net genuch diagnostizéierten Zoustänn wéi Endometriosen oder PCOS, an d'systematesch Integratioun vun enger Gender-Perspektiv an d'medezinesch Ausbildung, Fuerschung a Praxis.
Staark sexuell a reproduktiv Rechter, an domat och e sécheren, net-diskriminatoreschen a gratis Zougang zur Ofdreiwung, gratis Verhütungsmëttel an eng ëmfaassend affektiv a sexuell Educatioun.
Bekämpfung vu sexistescher, sexualiséierter an institutionaliséierter Gewalt als zentraalt Thema vun der ëffentlecher Gesondheet, mat besseren Ënnerstëtzungsstrukturen, psychotraumatologescher Betreiung, Präventioun an der Ausbildung vu spezialiséiertem Personal.
Eng ambitiéis Politik fir déi psychesch Gesondheet, déi d'sozial Ursaache vu Stress, Burnout a mentaler Belaaschtung eescht hëlt, zum Beispill duerch besser Aarbechtsbedéngungen, méi staark Präventioun, besser Betreiung a Moossname géint Prekaritéit an Aarmut.
Méi sozial Gerechtegkeet a wirtschaftlech Gläichheet, dorënner Moossname fir Aarmut ze bekämpfen, d'Stäerke vum ëffentleche Pensiounssystem an eng besser Unerkennung vun deene Liewensrealitéiten, déi duerch Geschlechterongläichheete gepräägt sinn.
Donieft ass eis allerdéngs eppes an der Medieberichterstattung iwwer de feministesche Marsch opgefall. Bis ewell huet kee vun de grousse Medien zu Lëtzebuerg – weder d'Luxemburger Wort, nach RTL oder de L'Essentiel – ernimmt, datt politesch Parteien och aktiv um Marsch an un de Protester deelgeholl hunn. Keng vun de publizéierte Fotoen weist e Parteiefändel. Vu datt awer eng grouss Unzuel u Fotoe vun der Demonstratioun verëffentlecht goufen, schéngt dat eng bewosst redaktionell Decisioun ze sinn.
Dëst werft awer Froen op. Schliisslech huet de Marsch kloer politesch Themen traitéiert, an d'JIF huet zesumme mat aneren Organisatioune konkret Fuerderungen un d'Politik geriicht. An an esou engem Kontext wier et zimmlech relevant, datt d'Ëffentlechkeet gesäit, wéi eng politesch Acteure präsent waren – a wéi eng net.
Et ass och opfälleg, datt déi zwou Regierungsparteien um Marsch iwwerhaapt net ze gesi waren. Am Allgemenge schéngen déi meescht Parteie gefeelt ze hunn. Vertrieder vun der LSAP, déi Lénk, der KPL an déi jonk Gréng ware mol vun eis kloer ze gesinn. Allerdéngs konnte mir keng Delegatioune vun der DP, der CSV, de Piraten oder der ADR erkennen.
Lo freet een sech natierlech, firwat d'Medien dëse Punkt onkommentéiert loossen. D'Medien hunn eng wichteg Verantwortung, d’Bierger*innen ëmfaassend Informatiounen ze bidden – dorënner och Informatiounen doriwwer, wéi eng politesch Parteie bei soziale Protester präsent sinn a wéi eng eben net. Transparenz an dësem Beräich ass Deel vun enger lieweger demokratescher Debatt.
Fir eis bleift eppes kloer: Gläichheet ass net eng symbolesch Fuerderung fir just un engem Dag am Joer, mee eng permanent politesch Aufgab. Als progressiv europäesch Partei engagéiere mir eis fir eng Gesellschaft, an där all Mënsch, onofhängeg vu Geschlecht oder Identitéit, fräi, sécher a gläichberechtegt liewe kann.
Den Internationalen Dag vun de Fraen erënnert eis dorunner, datt Fortschrëtt méiglech ass. Elo ass et Zäit, weiderzemaachen a virunzegoen.
Mir sollten net mussen entscheede, ob mir d’Entféierung vun engem Diktator wéi dem Maduro oder den Zesummebroch vun der internationaler Uerdnung feieren.
Awer et ass genee dëst onméiglecht Dilemma, virun dat eis d’USA duerch hiren Asaz a Venezuela gestallt hunn. Vum Sánchez a Spuenien, deen eng Erklärung ënnerschriwwen huet, an där d'USA zesumme mat e puer südamerikanesche Regierungen gewarnt goufen, bis hin zur Meloni, déi den Asaz als legitim deklaréiert huet, hu sech d'Reaktiounen an Europa ënnerschiddlech entwéckelt, wat du schlussendlech zu enger Ausso vun der Von der Leyen gefouert huet, déi aussergewéinlech wéineg politesch Bedeitung hat. Ironischerweis weist dës Situatioun, wéi d'USA hir nei Strategie fir national Sécherheet et ausnotzt, datt een sech an der EU nach ëmmer net a villem eens ass. Si notzen dat aus fir eis ze schwächen – en Zil, dat explizit och esou vun hinne genannt gouf.
En vue vun deem, wat geschitt ass, kënne mir eis awer och entscheeden, net inaktiv ze bleiwen an eppes z’ënnerhuelen. Obwuel d’EU-Kommissioun onfäeg ass ze handelen, kéinten d'Memberlänner eng europäesch Versammlung fir eng nei Constitutioun – eng EU 2.0 – etabléieren, an där d'Representanten demokratesch an direkt vun de Bierger*innen gewielt géife ginn. Si kéinten och Schrëtt ënnerhuelen, fir nei supranational Alliancen ze schafen, fir autoritäre Leader wéi dem Trump Drock ze maachen a si fir hir Handlungen zur Rechenschaft ze zéien. Domadder kéint een eventuell och déi falsch moralesch Iwwerleeënheet an den Duebel-Standard opginn, dee bis ewell dozou gefouert hat, datt sech de Globale Süde vun eis entfriemt huet.
D’EU-Staate kéinte souguer, ouni direkt esou wäit goen ze wëllen, muer endlech decidéieren, d'Artikelen 42 a 46 vun de Verträg z’aktivéieren an domat d'Grondlag fir eng gemeinsam Verteidegung ënner der Iwwerwaachung vum Parlament ze leeën. Si kéinten och Artikel 311 aktivéieren an d'Grondlage fir e gemeinsame Steiersystem leeën, andeems si hir eege wirtschaftlech Ressourcen opbauen, wat den duebele Virdeel hätt, d'finanziell Verloschter duerch Steierhannerzéiung vu grousse multinationalen Entreprisen ze stoppen an d'Bierger*innen z'ënnerstëtzen, déi et leed sinn, tëscht der Finanzéierung vu Kricher an dem Verdéngen vum Liewensënnerhalt wielen ze mussen.
Mat enger konkreter Bedrohung, wéi där vun engem militäreschen Ugrëff, konfrontéiert, sinn déijéineg, déi sech net änneren, dozou verurteelt, ze scheiteren. D'EU huet eng lescht Chance, d'Zukunft nei ze gestalten. Volt gesäit déi eenzeg Léisung fir esou e Problem doranner, datt d'europäesch Länner zesumme viruginn an zesummestinn. Loosst eis dës Geleeënheet elo net verpassen!
Artikel vum Francesca Romana D'Antuono, Co-Presidentin vu Volt Europa
Mir deelen dee selwechte Dram vun engem vereenegten, bléienden Europa. Deng Spend bedeit eis vill. Wann s du eis hëllefe wëlls, mat Zouversiicht kënnen ze plangen, da soe mir dir och Merci fir e monatleche Bäitrag 💜
LuxTrust huet eng enorm Verantwortung fir wichteg digital Prozesser an eisem Land – vun de staatlechen Déngschter iwwer d'Bildung bis zum Finanzsecteur. Zur selwechter Zäit ass et eng relativ kleng Firma. Dës Diskrepanz tëscht Verantwortung an den organisatoresche Ressourcen ass héich problematesch. Kritesch national Infrastruktur däerf net vun engem ze klenge Spiller ofhänken, deen an enger Kris kloer seng Grenzen erreecht.
D'De-facto-Monopolstellung vu LuxTrust zu Lëtzebuerg ass dobäi dee gréisste Problem. Et gi keng seriö Alternativen a virun allem keng funktionell Backup- oder alternativ Systemer. Wa LuxTrust ausfält, kënnt d'Land an en digitale Stëllstand. Sou eng Struktur mat engem "single point of failure" widdersprécht alle Grondprinzippie vun der Sécherheet, Resilienz an dem Risikomanagement, besonnesch an engem Land, dat sech als digital fortschrëttlech an als internationale Finanz- an Administratiouns-Zentrum gesäit.
D'Ofhängegkeet vun engem eenzegen Zertifikat ass esou wäit verbreet, datt en Ausfall direkt a massiv Konsequenze fir den Alldag vun de Leit huet. Schoule kënnen net funktionéieren: Enseignantë kënne keng Notten aginn, d'Donnéeë vun de Schüler net ukucken oder hir gesetzlech Obligatiounen erfëllen. Banke kënne kee Login a keng Iwwerweisunge méi erméiglechen, wat seriö Problemer fir Privatpersounen an Entreprisë verursaacht. Bierger*inne verléieren de Zougang zu MyGuichet, kënne keng Ufroen eraginn, Fristen net respektéieren oder souguer hir eegen Donnéeën net ukucken. Och d'Funktioune vum Staatsapparat selwer si staark ageschränkt. Een eenzegen techneschen Defekt ass genuch, fir zentral sozial Prozesser ze paralyséieren.
Et ass och extrem beonrouegend, datt dëse Feeler ausgerechent um Enn vum Joer opgetrueden ass – eng Period, wou Schoulen, Banken a staatlech Institutiounen ënner beträchtlechem Zäit- an Aarbechtsdrock stinn, fir hir Aufgaben ofzeschléissen. Ob et eng geziilte Cyberattack oder einfach eng Iwwerlaaschtung vum System war, ass niewesächlech. An béide Fäll däerf esou en Zenario an engem moderne Rechtsstaat net méiglech sinn. Dëse Manktem u Resilienz ass e systeemesche Feeler.
Am schlëmmste Fall kéinten esou Feeler souguer Mënscheliewen a Gefor bréngen, zum Beispill wa kritesch administrativ oder finanziell Prozesser am Gesondheets- oder Sozialsecteur blockéiert wieren. Virun dësem Hannergrond schéngt all Diskussioun iwwer digital Walen, déi op dem LuxTrust-Zertifikat baséiere géifen, komplett noléisseg. En Ausfall wärend engem Walprozess wier en digitale Worst-Case-Szenario a géif onweigerlech zu engem massiven a laangfristege Verloscht u Vertrauen an demokratesch Institutiounen a Prozesser féieren.
De rezenten Tëschefall beweist, datt mir europäesch Interoperabilitéit brauchen, an net Lëtzebuerg-spezifesch Léisungen.
Gläichzäiteg muss d'Regierung transparent sinn, wat strategesch Entscheedungen ugeet, déi si hëlt. Lëtzebuerg ass Deel vun deenen europäeschen Efforten, eng europäesch digital Identitéit (eID) anzeféieren an international Authentifikatiounen z’erméiglechen. Wann d'Regierung de facto op d'Aféierung vun der europäescher Alternativ waart, amplaz a strukturell Reforme vum aktuelle System z’investéieren, da muss si dat éierlech soen.
Bierger*innen, Schoulen, Betriber an Administratiounen hunn e Recht drop, de Plang ze verstoen an ze wëssen, wéi laang Lëtzebuerg weiderhin op LuxTrust als eenzegen Ubidder ziele wäert.
Mir fuerderen och, datt d'Regierung e Plang virleeë soll, wéi de Wiessel op europäesch Léisungen organiséiert gëtt a wat fir temporär Schutzmoossname se viru weider grousse Problemer schütze wäerten.
Volt Lëtzebuerg ënnersträicht, datt d'Kärproblematik architektonesch ass: Eng kritesch national Infrastruktur däerf net ronderëm en eenzege proprietären Authentifikatiouns-Provider designt ginn. Lëtzebuerg brauch dringend e Wandel hin zu oppene, interoperabele Standarden, sou datt verschidden zertifizéiert Provider, ëffentlech wéi privat, e sécheren Zougang zu staatlechen a finanziellen Déngschter ubidde kënnen. D'Zouloossung vun anere sécheren APIs a standardkonformen Identitéits-Provider géif de systeemesche Risiko, deen duerch en eenzege Feelerpunkt entsteet, direkt reduzéieren a Lëtzebuerg un d'Best-Practices an europäeschen Entwécklungen ausriichten.
Volt Lëtzebuerg rifft d'Regierung dofir op, dréngend Moossnamen ze huelen:
d'Aféierung vun enger onofhängeger a reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Sécherheet, der Resilienz an de Ausfallmechanisme fir all kritesch Déngschter fir digital Identitéit an Authentifikatioun, mat transparenter ëffentlecher Berichterstattung, déi der Wichtegkeet vun dëser Infrastruktur entsprécht;
e kloren, ëffentleche Plang fir den Transitiounsprozess vu Lëtzebuerg op europäesch digital Identitéitsléisungen, inclus dem Kader vun der „European Digital Identity“, mat konkreten Zäitpläng, Etappenziler a virleefege Sécherheetsmoossnamen, sou datt d'Bierger*innen an d’Betriber verstinn, wéi laang si nach vu LuxTrust ofhängeg bleiwen a wéi d'Kontinuitéit vum Service garantéiert gëtt;
dat direkt Opmaache vun den Authentifikatiouns-Interfacë vun der Regierung an dem ëffentlechen Déngscht fir sécher, standardiséiert Alternativen, déi et verschiddenen zertifizéierten Identitéits- a Authentifikatiouns-Provideren (mat unerkannten oppene Protokoller a Konformitéit zu europäesche Reglementer) erlaben, sech nieft LuxTrust unzeschléissen, fir sou den aktuelle Monopol opzebriechen an ze garantéieren, datt net een eenzege Feeler d'ganz Land erëm paralyséiere kann.
Digital Déngschter sinn eng kritesch Infrastruktur. Hir Stabilitéit, Sécherheet a Redundanz sinn d’Verantwortung vun der Regierung. Alles anescht bréngt net nëmmen den Alldag vun de Leit a Gefor, mä och hiert Vertrauen an de Staat a schliisslech och d’Vertrauen an eis Demokratie.
Dëst Joer war voller Energie, Diskussiounen a Visioune fir e méi staarkt Europa. Besonnesch Highlights waren d'„Marches for Open Borders“, wou Honnerte Leit géint dat erneits Aféiere vu Grenzkontrollen an Europa demonstréiert hunn, an d'Assemblée Générale vu Volt Europa zu Frankfurt, wou iwwer 1700 Volter*innen aus ganz Europa zesummefonnt hunn, fir iwwer d'Zukunft vun eisem Kontinent ze diskutéieren. Hei hu mir nach eng Kéier gesinn, wat Volt eenzegaarteg mécht: eist wierklecht europäescht Handelen, iwwer d'Grenzen eraus, vereent duerch gemeinsam Wäerter an Ziler.
Als europäesch Beweegung kucke mir mat Houfert op 2025 zeréck: Mir hu weider dru geschafft, fir Europa méi demokratesch, nohalteg a gerecht ze maachen. Virun allem hu mir gewisen, datt eng nei politesch Generatioun bereet ass, Verantwortung fir d'Zukunft vun eisem Kontinent z’iwwerhuelen.
Wa mer e Bléck op 2026 geheien, bleiwen déi Haapt-Prioritéiten vu Volt Europa kloer:
E staarkt europäescht Transportnetz opbauen, an deem Zich, Bussen an Nuetsverbindungen d'Leit iwwer de ganze Kontinent verbannen.
Eng gemeinsam europäesch Verteidegung an Arméi schafen, fir Fridden, Sécherheet a Souveränitéit an enger verännerter Welt ze garantéieren.
Bezuelbare Wunnraum a ganz Europa schafen, sou datt een Doheem kee Privileeg, mee e grondleeënd Recht ass.
An virun allem: d'Zil vun enger vereenter europäescher Demokratie an der Form vun enger federaler Unioun, heiansdo och emol als „Vereenegt Staate vun Europa“ bezeechent.
Dës Visioun ass ons wichteg: en Europa, dat zesummen entscheet, handelt a schützt. E Europa, dat staark ass, well et vereent ass.
Zum Joresenn wëlle mir all deene Merci soen, déi sech dëst Joer engagéiert hunn, diskutéiert, organiséiert oder einfach Hoffnung geschenkt hunn. Volt Lëtzebuerg ass houfreg, Deel vun dëser europäescher Beweegung ze sinn, a mir freeën eis op en neit Joer voller Iddien, Aktiounen a Fortschrëtter! Zéckt net, e Bléck an eise Kalenner op eis zukünfteg Evenementer ze geheien. Mir freeën eis drop, Iech do ze gesinn.
Schéi Feierdeeg an e gudden Ufank fir en europäescht 2026!
Eise Statement bleift dee selwechten. Am Walprogramm fir d’Chamberwalen 2023 hu mir Follgendes gesot an och gefuerdert, deem mir ëmmer nach voll a ganz zoustëmmen:
Leider sinn an ëmmer méi Länner vun der Welt konservativ Tendenzen ze beobachten, déi enorm Repercussiounen op d’Rechter vu Fraen hunn. Am Juni 2022 huet den ieweschste Geriichtshaff an den USA da revolutionäert Urteel „Roe v. Wade“ aus dem Joer 1973 gekippt.  Mat dëser Entscheedung vun de Verfassungsriichter kënne Bundesstaaten erëm Ofdreiwunge gréisstendeels bis komplett verbidden. Konservativ Bundesstaaten hunn dat och direkt ëmgesat. Och an Europa héiert een an der Lescht ëmmer erëm Leit, déi sech géint d’Fraerecht op Ofdreiwung ausschwätzen. 2003 huet Kroatien säin Ofdreiwungsgesetz geännert a zanterhier hunn Dokteren d’Recht, dësen Agrëff opgrond vun engem schlechte Gewëssen ze verweigeren. Aus deem Grond reesen och ëmmer méi kroatesch Fraen a Slowenien, fir am Nopeschland ofzedreiwen. Am November 2020 huet och Polen seng schonn deemools streng Ofdreiwungsgesetzer nach méi verschäerft: Ofdreiwunge bei Feelbildunge sinn elo illegal.
Mir bei Volt fannen dës Entwécklunge grujeleg. Fraen hu laang fir dës Rechter gekämpft, déi si lo beemol erëm sollen opginn. Net ze schwätze vun der Tatsaach, datt streng Restriktiounen zu illegale Praktike féieren, déi d’Liewen  vu Fraen, déi wëllen ofdreiwen, a grouss Gefor bréngen (souwuel aus medezinescher wéi och aus finanzieller Siicht).
D’Recht op Ofdreiwung ass e Grondrecht vun all Fra an all schwangerer Persoun. Mir wëllen net riskéieren, datt mat engem Regierungswiessel dëst Grondrecht beemol kéint verschwannen. Dowéinst fuerdere mir, datt dëst Recht op Ofdreiwung an d’Lëtzebuerger Constitutioun opgeholl gëtt (eiser Meenung no sollt et an all europäescher Verfassung stoen!). Eis Propose gesäit et vir, den Artikel 12 iwwert déi individuell Fräiheet mat follgendem Saz z’erweideren:
Kenger Persoun duerf d’Recht op eng fräiwëlleg Ofdreiwung virenthale ginn, a kenger Persoun duerf d’Recht op eng fräiwëlleg Ofdreiwung mat engem maximalen Delai vu manner wéi 12 Woche Schwangerschaft virenthale ginn. („Nul ne saurait se voir dépourvu du droit à l’interruption volontaire de grossesse et nul ne peut être privé du droit à l'interruption volontaire de grossesse avec un délai maximal d'exercice inférieur à 12 semaines de grossesse.“)
Marches for Open Borders: E Samschdeg si Mënschen aus ganz Europa mat Volt op d’Strooss gaangen an hunn en Zeeche gesat fir e staarkt, oppent a solidarescht Europa.
Honnerte Leit sinn e Samschdeg op Grenzpunkten op d’Strooss gaangen, fir mat den „Marches for Open Borders“ en Zeeche fir Fräiheet a géint Grenzkontrolle bannent Europa ze setzen. D’’Aktioun huet d’Fuerderungen no engem Europa ouni Grenzen erëm an d’ëffentlech Debatt erabruecht.
Besonnesch vill Mënsche koumen op d’Demonstratioun zu Frankfurt (Oder). An der polnescher Partnerstad Słubice op där anerer Säit vun der Oder war d’Demonstratioun aus Angscht viru rietsradikalen Ausschreidungen uganks verbuede ginn. Dunn hunn sech dann d’Demonstranten*innen vu béide Säiten zu Frankfurt (Oder) zum Marsch getraff a goufe vum Buergermeeschter vu Frankfurt a vun der Buergermeeschtesch vu Słubice op e gemeinsamen, ëffentleche Picknick op der polnescher Säit agelueden.
Och zu Lëtzebuerg mam March for Open Borders rëm um Dräilännereck demonstréiert. Déi gutt 75 Participante sinn zu Apach (Frankräich) lassgaangen, goungen dann duerch Pärel (Däitschland) fir iwwert Muselbréck riwwer op Schengen (Lëtzebuerg) ze kommen an do Ofschlossrieden ze halen.
Déi vu Volt Däitschland koordinéiert Märsch goufe wéinst dem 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes organiséiert – engem Meilestee vun europäescher Integratioun, deen haut ëmmer méi a Fro gestallt gëtt. Iwwert déi lescht Joren hunn déi däitsch Regierunge Grenzkontrollen zu den Nopeschlänner agefouert an och verschäerft, ouni datt et eng legal Grondlag dofir géif ginn. „Mir wëllen dës Aschränkung vun eiser Beweegungsfräiheet net méi weider akzeptéieren. Dowéinst hu mir EU-Kommissioun dozou opgefuerdert, eng Prozedur wéinst Infraktioun vum Ofkommes géint Däitschland an elo och géint Polen opzemaachen.“, seet den Damian Boeselager, Europadeputéiert vu Volt. „Haut protestéiere mir a ganz Däitschland op zéng Grenze fir eis Fräiheet.“
Déi stationär Grenzkontrollen hu real a schiedlech Auswierkungen op déi europäesch Integratioun, d’Wirtschaft an eis individuell Fräiheeten. „Grad Lëtzebuerg, dat schonn ëmmer e Symbol vun europäescher Eenegung an Zesummenaarbecht war, gëtt vun dëse Kontrolle schwéier getraff.“, betount de Philippe Schannes, Co-Präsident vu Volt Lëtzebuerg. „ Ouni Frontaliere géif Lëtzebuerg ënnergoen. D’Grenzkontrolle sinn en Hohn a suergen op en Neits fir Virurteeler géigeniwwer Mënschen aus aneren EU-Länner. Mir wëllen europäesch Zesummenaarbecht, a keng Symbolpolitik.“
Millioune vun Europäer*inne si betraff, déi dagdeeglech iwwert d’Grenze schaffe kommen, reesen oder handelen. Fir si bedeit dat net nëmme méi Bürokratie a Waardezäit, mä och Käschten, déi ëmmer méi an d’Luucht ginn an eng Liewensqualitéit, déi ëmmer méi erof geet. Aleng just d’Waardezäit am Wuerentransport féieren zu Verloschter vun ettleche Milliarden Euro pro Joer fir Entreprisen.
„Fir vill Leit ass dat fräit Reesen, Handelen a Liewe bannent Europa enorm wichteg. Dofir setze mir eis haut an!“, sou d’Isabel Arens, Mat-Initiatrice vum March for Open Borders. Volt wäert sech weiderhi fir d’Anhalen an d’Restauratioun vun der europäescher Beweegungsfräiheet asetzen – als Fundament vun engem gëeenten Europa, dat Fräiheet, Solidaritéit a Mënschlechkeet iwwer isoléiert national Initiative stellt.
(Fotoe vum Thorsten Janz, @photogenitaet)
D'Fuerderunge vum Organisateur, Rosa Lëtzebuerg, bleiwen déi selwecht an decken sech mat den Idealer vu Volt. Sou ass et fir eis ënner anerem wichteg, datt de Schutz virun Diskriminéierung opgrond vu sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit a Geschlechtsmierkmoler endlech fest am Grondgesetz verankert gëtt. Volt fuerdert och déi onageschränkte Gläichstellung vun all Familljeform, besonnesch déi automatesch Unerkennung vum Lien de parenté fir queer a gläichgeschlechtlech Koppele souwéi e gläichberechtegten Zougank zum Congé parental an dem Congé de maternité.
Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt trans- an intergeschlechtlech Mënschen den Zougank zu enger selbstbestëmmter an ëmfaassender Gesondheetsversuergung duerch eng ëffentlech Krankekeess kréien. Genausou wichteg ass eis och déi rechtlech Unerkennung vun net-binäre Mënschen, fir datt dee rigide binäre Geschlechtersystem eng Kéier opgebrach gëtt an doduerch Raum fir ganz vill verschidden Identitéite geschaf ka ginn.
(photo by Laurent Blum, Luxemburger Wort)
Mir sinn eis bewosst, datt nach vill ze do bleift, och wa schonn deels Fortschrëtter erreecht gi sinn. Et feelt ëmmer nach en ëmfaassende konstitutionelle Schutz, et gëtt nach ëmmer keng flächendeckend a sensibel Gesondheetsversuergung an och keng vollstänneg Gläichstellung vun alle Familljeformen. Ausserdeem muss inklusiv Educatioun gestäerkt a queerfeindlech Gewalt konsequent bekämpft ginn, fir datt wierklech all Mënsch fräi a sécher liewe kann.
Fir eis bei Volt ass kloer: Eisen Asaz fir d'Rechter vun LGBTQIA+ Mënschen hält net op, bis mer vun enger wierklech Gläichberechtegung schwätze kënnen an d'Akzeptanz fir jiddweree selbstverständlech ginn ass. Mir bleiwen drun – fir eng Gesellschaft, an där d'Vilfalt gefeiert gëtt an d'Diskriminéierung keng Plaz huet.
Dat Wichtegst vun dësem Schengener Ofkommes ass d’Ofschafe vu stationäre Grenzkontrollen tëscht dëse Länner. D’Ofkommes gëllt als ee vun deene gréissten Errongenschaften vun der Geschicht vun der EU an huet d’europäesch Integratioun weesentlech virugedriwwen.
Fir de 40. Gebuertsdag vum Schengener Ofkommes ze feieren ware mir vu Volt Europa och op der Plaz, fir un d’Bedeitung vun dësem Ofkommes fir ee vereentent Europa z’erënneren. Dobäi konnte mer eis op deem frësch renovéierte Schëff déi original Dokumenter ukucken an och de Schengener Musée besichen.
Leider huet een trotz de Feierlechkeeten awer och ëmmer un déi Grenzkontrolle missen denken, déi entre-temps erëm net nëmme vun Däitschland, mä vu mëttlerweil eelef Länner vum Schengen-Raum gemaach ginn. Dës Symbolpolitik ass net nëmmen eng Zoumuddung fir all Frontalier*iere a schränkt eis Fräiheet fir ze Reesen oder ze Handelen an, mä se ass och geféierlech fir eis europäesch Wäerter. Volt verurteelt dës Grenzkontrollen dowéinst ferm. (Eise Statement zu de Grenzkontrollen)
Datt mer bannent Europa zesummen halen, ass hautzedaags nach méi wichteg wéi soss, well et eis hëlleft, eis géint global Onsécherheeten ze wieren a gläichzäiteg eis Zukunft ze gestalten: Ob Klimawandel, Migratioun, Pandemien oder geopolitesch Spannungen – keen EU-Land kann dës Erausfuerderungen aleng packen. Nëmme gemeinsam kann Europa seng Stäerkt op der Weltbün weisen a bei engem onsécheren transatlantesche Verhältnis gëtt och déi europäesch Sécherheets- a Verdeedegungspolitik en Europa ëmmer méi wichteg. Handelskonflikter mat China oder den USA, Liwwerketteproblemer an eng technologesch Ofhängegkeet weisen: Europa muss wirtschaftlech méi souverän ginn.
Wann de Geescht vu Schengen eis Staaten an eis Häerzer verléisst, da wäerte mer vill méi verléieren ewéi nëmmen de Schengen-Raum
(Jean-Claude Juncker, fréiere Präsident vun der Europäescher Kommissioun)
Als Deel vun der Léisung vum Problem hat Volt d'Iddi, de Fraen eng Tribün ze ginn. Zesumme mat Volt Frankräich, Volt Belsch a Volt Schwäiz hu mir Fraen zu Wuert komme gelooss.
Den ëffentleche Raum ass eng Plaz, wou een sech kann austauschen, sech begéinen a wou een d'Gesellschaft matbestëmme kann. Dowéinst muss e repräsentativ, villfälteg a sécher sinn.
Wärend ville Joren ass mäi Liewen no deem Rhythmus gelaf: Kanner, Aarbecht, Bett. Du si meng Kanner zu Teenager ginn. An du wore Gemengewalen. An d'Paritéitsgesetz [a Frankräich]. Also hunn ech d'Hand gehuewen, fir gewuer ze ginn, wat mat menge Steiere gemaach gouf an och, fir Aktiounen fir eis Jugendlecher virzeschloen. Ech hunn also wéinst oder dank dem Paritéitsgesetz an der Politik ugefaang. An ech gouf net enttäuscht! Zanterhier hunn ech net opgehal, mech fir d'Politik z'engagéieren, sou gutt wéi et mir ebe méiglech ass a wéi ech et mir wënschen. Fir mech ass eppes kloer: Ech wëll net méi just anere Leit et iwwerloossen, Entscheedungen iwwert meng Zukunft oder där vu menge Kanner ze treffen. – Anne G.
Zu Lëtzebuerg si just 21 vu 60 (35 %) vun den Deputéierten an der Chamber Fraen. Buergermeeschtesche ginn et der 16 bannent 102 Gemengen (15,6 %). An nëmme 37 vun den 225 Schäffe-Mandater (16,4 %) gi vu Fraen ausgeüübt.
Ech engagéiere mech säit mengem 18. Liewensjoer bei Volt a konnt vu menger lokaler Grupp zu Toulouse an d'national Ekipp opsteigen a bei dräi Walen als Kandidatin untrieden. Dës Erfarung huet mer Selbstvertraue ginn a mäi Verständnis vu Politik verbessert, och op Bezuch op déi manner attraktiv Aspekter wéi déi mangelnd Bedeelegung vu Fraen. Ech denken, datt all Partei intern fir d'Paritéit vun de Geschlechter muss antrieden, iwwert dee politeaschen Discours eraus. – Élise M.
D'Geschicht ass voll mat talentéierte Fraen, déi et gewot hunn, Problemer unzepaken an de Wee ze weisen. Hautzedags engagéiere sech vill Fraen einfach net oder se traue sech net, an der Politik aktiv ze ginn.
Ech hu mech eréischt spéit a mengem Liewen an der Politik engagéiert, den Ausléiser war d'Fro: „Wat fir eng Welt wëll ech mengen Enkelen hannerloossen?“ D'Haaptzil vu Volt ass mëttel- oder laangfristeg an entsprécht gutt hirer Liewenserwaardung. Awer et muss elo nach dru geschafft ginn. Menger Meenung no ass meng Motivatioun vu Weiblechkeet gepräägt ... Et huet mat dem Schenken, Tradéieren a Weiderginn u Mënschen ze dinn, et fänkt mam Schutz vu menger Famill un, an dat anescht ewéi just duerch eng reng finanziell Ierfschaft, dat allgemeng natierlech éischter eng männlech Verflichtung bleift. – Christine G.
Ängscht, eng mangelnd moralesch, finanziell a logistesch Ënnerstëtzung, psychologesch oder erzéieresch Barrièrë sinn alles Grënn, firwat Fraen sech och haut nach zeréckzéien, owbuel si de Wonsch an d'Capacitéiten hunn, fir sech aktiv um politesche Liewe vun hirem Land ze bedeelegen.
Als Fra an der Politik si bedeit, Verantwortung fir eist gemeinsaamt Schicksal z'iwwerhuelen. Firwat sollt et e Problem sinn, eng Fra an der Politik ze sinn? Et gëtt kee Grond, firwat dat esou misst sinn. Fräiheet heescht Matmaachen! – Anne Ch.
An eisem deegleche Liewe gesi mir, datt souwuel Frae wéi och Männer kënnen anerer encouragéieren, beroden, debattéieren, innovéieren, reflektéieren, Virschléi maachen, organiséieren, Diplomatie a Selbstbeherrschung asetzen. Engagement, Nolauschteren, Teamfäegkeet, strategescht Denken oder Belaaschtung aushalen, Éierlechkeet, Eloquenz, asw. si mënschlech Eegenschaften an net geschlechtsspezifesch.
Sech an der Politik z'engagéieren ass schwéier, awer essentiel, virun allem wann een ënnerrepresentéiert ass a wéineg ze soen huet. Ech hu mech fir Volt decidéiert, well dës Partei meng Wäerter verkierpert, awer och well si wierklech Paritéit an eng gedeelte Féierung praktizéiert. Hei ass d'Gläichberechtegung net just e Verspriechen, ma et ass eng Realitéit, déi een all Dag op en Neits gesäit. – Valérie C.
Es ginn ëmmer nach vill Hindernisser fir d'Bedeelegung vu Fraen an der Politik, a mir sinn eis deene Kämpf, déi nach musse gefouert ginn, bewosst. Mä un dësem 8. Mäerz 2025 wëlle mir all Mënsch gemeinsam soen: Fraen hunn hir Plaz an der Diskussioun a beim Opbau vun eiser Gesellschaft.
Ech hu mech an der Politik engagéiert, fir datt Frae vertruede sinn, sichtbar sinn a gehéiert ginn. Ech hunn dës Pseudo-Paritéit sat, bei där d'Politiker am Numm vun alle Bierger schwätzen, och am Numm vun de weibleche Bierger. Ech sinn och enger europäescher Partei bäigetrueden, fir Praktiken an der Paritéit op europäeschem Niveau oder an aneren europäesche Länner ze „duplizéieren“, wa se fir de franséische Kontext relevant sinn. –  Christine P.
Mir wëllen eng staark Botschaft erausginn an zum Handelen opruffen:
Mir encouragéieren all Fra, sech an der Politik z'engagéieren, onofhängeg vun der Aart a Weis oder dem Ëmfang vun dësem Engagement, a mir encouragéieren hiert Ëmfeld, se op dësem Wee z'ënnerstëtzen a se an hirem Handelen ze stäerken!
Mir fuerderen all politesch Partei dozou op, Moossnamen z'ergräifen, fir méi Fraen anzebezéien an hinnen d'Matmaachen z'erliichteren!
Mäi politescht Engagement huet sech ganz natierlech erginn, als Ergänzung zu mengem Engagement an Associatiounen zur Zäit vun de Parlamentswalen am Juni 2024, well ech mech fir d'Verwierklechung vun deem asetze wollt, un dat ech gleewen: e federaalt Europa. Ech engagéiere mech net als Fra, mä als Individuum, dat Iwwerzeegungen, Projeten, Fäegkeeten a vill ze léieren huet, genau wéi all déi aner och. Et muss ee keng Angscht viru Schwieregkeeten um Wee hunn, et muss een sech mat Leit ëmginn, déi sech ëm ee këmmeren, déi déi selwecht Ziler fir eis Gesellschaft hunn. Ech hu bei Volt eng Plaz fonnt, déi Fraen de Raum gëtt an hinnen déi Ënnerstëtzung an déi Ressourcë bitt, déi si brauchen, fir sech an der Politik komplett z'entfalen an ze gedeien. Ech setze mech dofir an, dës Dynamik ze stäerken, well ech mengen, datt mir nëmme gemeinsam an net géintenee wierklech virukomme kënnen. – Elisa C.
Mir hunn domadder ugefaang, d'Paritéit an der Ëffentlechkeet ze stäerken: Wallëschten, Table-ronden, Medien, asw. Et ass un der Zäit, ee Schrëtt wieder ze goen, andeem s mir reell Raim fir Inklusioun, Meenungsäusserung a Projete fir Fraen (bannent Parteien, a wichtege Gremien, asw.) schafen, Primme fir Projete vun a fir Frae ubidden an déi extern Kommunikatioun verbesseren. Frae musse generell a systematesch an der Politik präsent sinn.
Ech hu mech bei Volt an der Politik engagéiert, well ech d'Gefill hat, datt mir riskéieren, Europa ze verléieren, an dat fir mech déi eenzeg politesch Organisatioun ass, déi Hoffnung bitt. Déi national Politik ass un hir Grenze komm; vun däer ass näischt Neies méi z'erwaarden. Ech hu mech net als Fra, mä als Persoun verflicht gefillt, mech fir d'Weiderbestoe vun Europa anzesetzen, an ëmsou besser, wann ech mech tatsächlech a der Fërderung vun der Gläichstellung um politesche Liewen engagéieren. – Nadine L.
Et ass héich Zäit, datt eis ëffentlech Moossname vun a fir all eis Matbierger*inne getraff ginn.
Mäi politescht Engagement war offensichtlech. D'Tatsaach, datt ech eng Fra sinn, ass mir net emol an de Kapp komm. Ech war en Deel vun der Gesellschaft, a wann ech net bedauere wollt, datt si mech net representéieren, loung et u mir, ze handelen. Well schliisslech entscheeden ech mech fir d'Demokratie an Europa. Fraen, Duechteren, Mammen, Biergerinnen a Bierger, loosst eis eis Plaz an der politescher Zukunft huelen a verteidegen. – Marianne R-K.
Den Elon Musk huet X fir d’éischt dofir mëssbraucht, den Donald Trump un de Pouvoir ze bréngen, an hien ass elo souguer Deel vu senger Regierung ginn. Den Trump, deen deemools wéinst Fake News op Twitter gespaart gouf, duerf zanterhier erëm mat all deenen anere Populisten op X Desinformatioun an Haass verbreeden. An deene leschte Méint hu mer gesinn, wat dem Musk seng Visioun fir ee soss emol onofhängegen Twitter ass: D’Plattform gëtt als Waff agesat, fir europäesch Länner ze schwächen. Extreem Stëmmen, déi dem Musk an dem Trump gut gefalen, gi vun X verstäerkt, kritesch Stëmmen ginn ënnerdréckt an der Desinformatioun gëtt fräi Laf gelooss. Dëst ënnergrueft eis Demokratie a gëtt dem Musk an dem Trump eng Muecht, déi keen op dëser Welt sollt hunn.
Obwuel X och fir Volt eng wichteg Bün ass, ass dës Bün antëscht esou wäit vun eise Wäerter ewech geréckelt, datt mir hei eng Grenz zéien. Et duerf een ni vergiessen, datt sozial Netzwierker a privater Hand keng ëffentlech Plaze sinn an d’Spillreegelen och net vun eis, ma vun de Besëtzer festgeluecht ginn. Déi nei Algorithme vum Musk ënnerdrécken déi fräi Meenungsäusserung an Tweets, déi sech ausserhalb vom rietspopulistesche Spektrum befannen, ginn ënner – do kann ee sou haart jäize, wéi ee wëll.
Dowéinst treffe mir elo d’Entscheedung, eis net méi un dës Reegelen wëllen ze halen. Mir treffen elo d’Entscheedung, X hannert eis ze loossen, an der Hoffnung, datt aner Politiker*innen eis doranner nokommen. Dëst ass eng opreegend Etapp fir eis. X huet eis eng Reechwäit ginn, déi Plattforme wéi Bluesky oder Mastodon net direkt bidden. Mä Volt steet wéi keng aner Partei fir de Progrès. Gemeinsam kämpfe mir fir eng Welt, an där sozial Medie verbannen an net splécken; an där Extremismus reduzéiert an net verstäerkt gëtt. An där Tech-Entreprisë besser reguléiert ginn. Eng Welt, an där mir eis eegen, vu Wäerter geleeten, europäesch sozial Medie schafen.
Den Haag kann net méi nokucken, wéi en amerikaneschen Tech-Milliardär eis spléckt, schwächt an eis Demokratie ënnergrueft. Jiddereen*t mat engem X-Konto, och Net-Politiker*innen, huet d’Méiglechkeet, d’Virherrschaft vun X ze briechen. Och dir alleguerten konnt mat ärem eegenen #eXit eppes bewierken an den Alternativen eng Chance ginn.
Also, denkt drun: Ab haut si mir just nach ausserhalb vun X ze fannen. Mir „zwitscheren“ schonn op Bluesky an am europäeschen Open-Source-Projet, dem Fediverse, op Mastodon. Mir hoffen, iech do erëmzegesinn.
Zu de Membere vu Volt Lëtzebuerg hu sech och dozou gesellt: De Slavomír Maňásek aus Volt 🇨🇿 Tschechien (a Representant vu Volt 🇪🇺 Europa), d'Inês Bravo Figueiredo aus Volt 🇵🇹 Portugal, den Antoine Jendzio--Verdasca aus Volt 🇫🇷 Frankräich an de Mike Winkel aus Volt 🇳🇱 Holland. Et war eis eng Freed, sou vill vu wäit hier gereeste Volter kënnen ze begréissen.
Well mer déi néideg Majoritéit haten, konnte mer iwwert déi follgend Punkten ofstëmmen:
Validatioun vun der Keess 2024
Unhuele vum Budget 2025
Nei Zesummestellung vum Comité
Ännerung vun de Statuten
Déi nei Statute sinn hei ze fannen: ➡️ Zu de Statuten ⬅️
De Comité besteet lo aus deenen heite 6 Memberen:
Aurélie Dap, Co-Präsidentin
Philippe Schannes, Co-Präsident
Daniel Silva, Generalsekretär
Conny Jaroni, Caissière
Lara Marwaha, Responsabel fir Eventer a Social Media
Alexandre Moreno, Responsabele fir d'Community
No der Assemblée si mir dann nach zesummen iesse gaangen an hunn eise vu méi wäit hiergereeste Frënn d'Haaptstad vu Lëtzebuerg ë bësse weise kënnen.
Volt Lëtzebuerg freet sech op en neit Joer 2025 a wäert sech weiderhi fir pragmatesch an eng nei Politik asetzen! An de kommende Jore wäerte mir eis vir allem fir déi zu Lëtzebuerg liewend Auslänner*innen mussen asetzen, well d'Ongläichheet gëtt leider ëmmer méi grouss. Mat 47,2 % Auslänner*innen hu just ë bësse méi wéi d'Hallschent vun der Bevëlkerung bei den nationale Walen iwwerhaapt d'Recht, wielen ze goen. Bei deene leschte Gemengewalen hu just 20 % vun den auslänneschen Awunner*innen vun hirem Walrecht profitéiert a just 1,9 % vun de gewielte Mandatairen hunn net d'Lëtzebuerger Nationalitéit. An anere Wierder: Et besteet eng enorm Diskrepanz tëscht der Bevëlkerung, de Wieler*innen an deenen, déi gewielt sinn. A genau dësen Demokratiedefizit musse mir an Zukunft ugoen, andeem s mir Auslänner*innen dozou motivéieren, vun hirem Recht, wielen ze goen, Gebrauch maachen, an andeem s mir eis fir een allgemengt Walrecht fir all Awunner*in zu Lëtzebuerg asetzen.
Nodeems den Donald Trump bei de Presidentschaftswahlen an den USA alt neess gewonnen huet, si mir op e Punkt komm, wou mer eis eeschthaft Gedanke musse maachen. D'Tatsaach, datt populistesch an nationalistesch Ideologien op béide Säite vum Atlantik ëmmer méi Succès hunn, stellt eng seriö Gefor fir d'Wäerter vu Kooperatioun, Solidaritéit an Fridden duer, déi sech Europa esou schwéier erschafft huet. Dat ass net nëmmen en amerikanesche Problem – et ass e globale Problem, deen een och an Europa ëmmer méi däitlech ze spiere kritt.
D'Victoire vum Trump an änleche Bewegungen an Europa weisen eis, wéi staark déi politesch Kräft sinn, déi eis Gesellschafte splécke a schwäche wëllen. Dës Kräft bauen op Angscht a Mësstrauen op, an encouragéieren Spléckung amplaz Zesummenhalt. Dat ass net de richtege Wee fir eis virun ze bréngen. D’Léisung fir eis gesellschaftlech Erausfuerderungen ass net méi Fragmentatioun, mä méi Eenheet. Grad elo, an nach méi wéi jeemols virdrun, muss Europa zesummestoen; mir si méi staark, wa mir vereent sinn, a mir gi vulnerabel, wa mir gespléckt sinn.
En Europa, dat zesummenhält, ass kee Luxus – et ass eng absolut Noutwendegkeet. Geopolitesch Onstabilitéit, wirtschaftlech Onsécherheet an Ëmweltkrisen erfuerderen, datt mir en vue vun engem gemeinsaamen Zil handelen. Als gréisste Bannemaart vun der Welt huet Europa d’Kraaft, seng Zukunft selwer ze gestalten, awer nëmmen, wann et vereent bleift. Déi rezent Entwécklungen erënneren eis dorunner, datt déi global Muechtverhältnisser sech veränneren, an datt Europa seng eegen wirtschaftlech a militäresch Onofhängegkeet opbauen muss. Wa mir dat net maachen, riskéiere mir, dem Drock vun externe Kräft ausgesat ze sinn, och déi vun enger USA, déi sech ëmmer méi zeréckzitt.
D'politesch Zersplitterung bannent Europa schwächt eis Positioun. Datt n Länner wéi Ungarn, Holland a Frankräich ëmmer méi Nationalismus opkënnt, riskéiert Europa ze splécken an d’Fundamenter vum europäeschen Projet z'ënnergruewen. Dës Bewegunge verspriechen zwar Sécherheet duerch Isolatioun, awer d’Geschicht weist eis, wou esou Weeër hiféieren. Zersplitterung a Spléckung féiert zu Onstabilitéit, zu Konflikter, an zu engem Europa, dat fir extern Manipulatioun ufälleg ass.
Mee et gëtt Hoffnung. D’Geschicht huet gewisen, datt Europa méi staark gëtt, wann et zesummesteet. Mir musse eis nees fir d’europäesch Integratioun engagéieren – wirtschaftlech, politesch a militäresch. De Wee no vir wäert schwireg sinn, mä mir hunn d’Kraaft, e gemeinsam ze goen.
Volt gleeft weiderhin un e vereentent Europa, dat an senger Diversitéit zesummenhält, géint Erausfuerderungen resilient ass, an dat sech dem Fridden an der Kooperatioun verflicht. Mir wäerten déijéineg, déi eis splécke wëllen, net gewanne loossen. Mir bauen en Europa vun der Zukunft: en Europa vun der Solidaritéit, vum Wuelstand a vum gemeinsamen Zil.
Dës Visioun ka just Realitéit ginn, wann s och du matméchs. Et ass Zäit, datt all déi, déi un d’Kraaft vun engem vereenten Europa gleewen, zesummekommen. Dofir ruffe mir dech op, bei Volt matzemaachen! Volt ass déi pan-europäescher Bewegung fir eng Zukunft vun Zesummenhalt, géigesäitegem Respekt a gemeinsamem Progrès. Zesumme kënne mir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft meeschteren. Mir si vereent an determinéiert fir en Europa opzebauen, dat staark a sécher an der Welt steet.
United, we rise. Divided, we fall.
(„Zesummen erhiewe mer eis. Getrennt fale mir.“)
➡️ Gëff nach haut Member bei Volt an hëllef eis, d'Wäerter vu Solidaritéit an Eenheet an Europa ze erhalen an ze stäerken!
Beim Marsch vu Frankräich iwwert Däitschland bis op Schengen zu Lëtzebuerg gouf géint déi nei agefouerte Grenzkontrolle bannent den europäesche Länner demonstréiert.
De Marsch, ënnerstëtzt vun enger breeder Koalitioun vu Parteien an aus der Zivilgesellschaft (Volt, Verbänn vun de „Junge Europäische Föderalisten“ (JEF), der „Europäische Bewegung“, der Europa-Union, Pulse of Europe, Piratenpartei Rheinland-Pfalz an der PdH) ënnersträicht de groussen Engagement fir d'Erhale vun engem Europa ouni Grenzen, dat Eenheet, Zesummenaarbecht a Fräiheet an de Viirdergrond stellt. Insgesamt hunn 250 Persounen un der Demonstratioun deelgeholl.
An deene sëllege Rieden, déi gehal goufen, hunn d'Gruppe betount, datt d'Grenzkontrolle keng Léisung fir d'Erausfuerderunge vun der europäescher Migratiounspolitik sinn a kritiséieren déi ëmmer méi opkommend populistesch an nationalistesch Rhetorik. Ganz am Géigendeel: Dës falsch Léisung bedrot souguer ee vun deene wichtegste Symboler vun der europäescher Unitéit.
„Mir sinn hei, fir d'Prinzippien vun der Europäescher Unioun ze schützen. Mir wëllen déi riets Narrativer entlarven, déi zu Mainstream-Positioune gi sinn, a mir wëlle weisen, datt d'Iddi vun oppene Grenzen an engem vereenten Europa de Grond fir eisen Erfolleg ass“, erkläert den Europadeputéierte Kai Tegethoff (Volt) a faasst domat d'Zil vum Marsch zesummen.
D'Gruppe si sech doranner eens, datt d'Erausfuerderunge vun der Migratiouns- an Integratiounspolitik just duerch eng gemeinsam europäesch Politik kënne bewältegt ginn.
Schaarf Kritik un der däitscher Regierung kënnt vun der JEF-Presidentin aus Däitschland, dem Melanie Thut: „Däitschland geet mat der Aaxt un e fundamentale Pilier vun der europäescher Integratioun. Däitschland verletzt europäescht Recht, de Schengener Grenzkodex. A seng eege Verspriechen: Wou ass et, dat fëderaalt Europa aus dem Koalitiounsvertrag, fir dat mir als JEF sou haart gekämpft hunn?“
No dem Schengener Grenzkodex si Grenzkontrolle just „ënner aussergewéinlechen Ëmstänn“ als „lescht Mëttel“ a mat kloer definéiertem Uleies zoulässeg. Déi pauschal Grenzkontrollen duerch Däitschland, Frankräich an Holland ginn deem net gerecht. Si treffen alleguerten d'Leit, besonnesch déi, déi no bei der Grenz wunnen, ma och Leit op der Reess, Frontalieren, oder international Student*innen oder Schüler*innen ginn an hirem Alldag an an hirer Fräizäit ageschränkt – a si mierken et! Dës Grenzkontrolle verursaachen awer och ekonomesch Aboussen duerch ee Grenzverkéier, deen ëmmer méi schwéier a komplizéiert gëtt.
De Philippe Schannes, Co-Präsident vu Volt Lëtzebuerg, huet d'Wichtegkeet vum Schengener Ofkommes fir Lëtzebuerg ervirgehuewen: „Oppe Grenzen hunn eist Land zu deem gemaach, wat mir haut sinn. Lëtzebuerg ass Europa, brauch Europa a mir als Volt Lëtzebuerg wäerten déi europäesch Beweegungsfräiheet ëmmer verteidegen. An enger Zäit, wou eis Gesellschaft duerch de Populismus ëmmer méi gespléckt gëtt an doduerch d'Fundament vun eiser Unioun an d'Wackele geréit, ass et eis Flicht, déi europäesch Iddi vun der Eenheet an der Zesummenaarbecht héich ze halen. Mir mussen zesumme fir een Europa ouni Grenzen antrieden, fir een Europa vum Fridden, vum Wuelstand, der Fräiheet a vum Progrès.“
📷 Photos by Thorsten Janz (@photogenitaet)
Mir deelen d’Fuerderung vun der AHA (der Allianz fir Humanismus an Atheismus), datt e laizistesche Staat bei sou enger Visitt immens muss oppassen a komplett transparent d’Leit muss doriwwer informéieren, wéi vill Suen dofir opbruecht goufen, fir e reliéise Leader z’empfänken. Et ass enorm wichteg, datt d’Ëffentlechkeet genee Bescheed weess, wéi a fir wat Staatsgelder benotzt goufen, fir sécherzestellen, datt et net zu onverhältnesméissegen Ausgabe kënnt.
Donieft fuerdere mir eng kritesch Ausernanersetzung mat de Problemer vun der Kierch. Et ass immens wichteg, datt d’Fuerderungen vun Organisatiounen wéi dem CID Fraen a Gender an de chrëschtleche Feministinne seriö a kritesch diskutéiert ginn. Dës Fuerderunge sinn ënner anerem:
D’Gläichberechtegung vun de Geschlechter bannent der Kierch: Frae sollen déi selwecht Rechter a Méiglechkeete wéi Männer hunn, inklusiv der Méiglechkeet vu weibleche Paschtéier. Déi ëmmer nach präsent Diskriminéierung vu Fraen a kierchlechen Ämter ass net méi zäitgeméiss a muss dringend reforméiert ginn.
D’Opschaffe vun de Mëssbrauchsfäll: D’Kierch muss transparent a konsequent mat Fäll vu sexuellem Mëssbrauch ëmgoen an d’Affer ënnerstëtzen. Et duerf net méi zu engem Vertuschen oder engem Verzögerunge bei der Opklärung vun dëse Verbrieche kommen.
D’Moderniséierung vun der kierchlecher Léier: D’Kierch sollt hir Léier an hir Praktiken un d’gesellschaftlech Realitéite vun haut upassen, notamment am Bezuch op LGBTQ±Rechter an d’Roll vun der Fra. Déi enk an dacks réckstänneg Positiounen an der Kierch stinn am Widdersproch mat de Wäerter vun enger moderner an inklusiver Gesellschaft.
Volt Lëtzebuerg hält un der Glawens- a Reliounsfräiheet fest, mir wëllen awer betounen, datt et noutwenneg ass, reliéis Praktiken an Normen ze hannerfroen an ze diskutéieren, fir datt mer eng gerecht a modern Gesellschaft kënne fërderen. Mir fuerderen dowéinst eng oppen a kritesch Debatt iwwert d’Roll vun der Kierch an hire Praktiken an der haiteger Zäit.
Den 9. September 2024 huet déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser ugekënnegt, datt ab e Méindeg rëm Kontrollen un allen däitsche Landesgrenzen duerchgeféiert ginn. Als Grënn, fir dëst ze rechtfertegen, goufen d’Begrenzung vun der irregulärer Migratioun genannt, an awer och de Schutz vun der bannenzeger Sécherheet virun den aktuelle Bedrohungen duerch den islamisteschen Terrorismus a viru grenziwwerschreidender Kriminalitéit. Sou Kontrolle gouf et schonns virun e puer Méint wärend der Fussball-Europameeschterschaft vun de Männer, an do virdrun an der Zäit vun der Covid-Pandemie.
Volt verurteelt dës Kontrolle schaarf. Op der enger Säit verletzen dës Kontrollen d’Schengener Ofkommes, dat déi stationär Grenzkontrollen un de Grenze vun de Schengener-Länner ofgeschaaft hunn. Dës Grenzkontrollen si komplett willkürlech an anti-europäesch. Däitschland huet just Grenze mat Länner am Schengener-Raum an, ofgesi vun der Schwäiz, sinn dat och just EU-Staaten. Et gëtt kee valabele Grond, datt d’Beweegungsfräiheet vun de Bierger*innen, déi sech am Schengener-Raum beweegen, därmoosse misst ageschränkt ginn. Déi Problemer, déi et gëtt, sinn am Land selwer léisbar an eng Gefor, déi iwwer aner europäesch Länner géif kommen, ass de facto net do – et ass e Mythe vu populistescher Xenophobie, warscheinlech eng Kuerzschlussreaktioun vun enger eigentlech sozial-demokratescher Regierung, ausgeléist duerch de Succès vun der rietsextremer AfD. Ofgesinn dovunner ass nach net emol kloer, wat genau da bei dëse Grenzkontrolle kontrolléiert soll ginn. Net zulescht kascht et den däitsche Staat enorm vill Suen, déi ee besser kéint investéieren an et kascht Beamten, déi op enger anerer Plaz feelen, well se bei den Autobunne stinn a willkürlech ordonéiert Kontrollen ouni Zil an Zweck mussen duerchféieren.
Dëst isoléiert Virgoe vun Däitschland weist alt nees zwou Saachen: Éischtens, datt mir bannent Europa weder viru Faschismus, Rassismus, nach vru willkürlecher Diskriminéierung sécher sinn, an zweetens, datt d’EU an d’Schengener Ofkommes net staark genuch sinn a mir e fëderaalt Europa brauchen, an deem Länner sou willkürlech Aktiounen, déi d’Fräiheet aschränken a géint d’Mënscherechter verstoussen, net einfach esou ëmsetze kënnen.
Volt ass sech bewosst, datt Europa keng gutt Migratiounspolitik huet a vill Mëssstänn dorops zréckzeféiere sinn. Eis ass och bewosst, datt duerch eng schlecht Bürokratie, de Fakt, datt Flüchtlingen net op all d’Länner verdeelt ginn an duerch Politiker, déi dacks einfach nëmmen nokucken an net reagéieren, et zu negative Gefiller ka kommen. Leit fillen sech iwwerfuerdert, oder einfach friem am eegene Land fillen. Ma dogéint huet Volt awer scho fir d’Europawalen a sengem Walprogramm extensiv Propose gemaach, wéi eng besser Flüchtlings- a Migratiounspolitik géif ausgesinn. (Moonshot-Programm, Menschenwürdige Migration, S. 59-82)
Nëmmen zesumme kënne mir d’Problemer vum 21. Joerhonnert léisen, nëmmen zesumme si mir staark. Dowéinst verurteele mir déi willkürlech Grenzkontrolle vun Däitschland zudéifst.
Volt bekennt sech voll a ganz zu de Mënscherechter, besonnesch deene vu Minoritéiten an der LGBTQIA+ Community. Déi bei der Chamber eragereechte Petitioun N° 3198 ass eng mënscheveruechtend a vëlleg vun Onkenntnes iwwer wëssenschaftlech Fakte gepräägten Haassried, déi sech ganz kloer géint queer Leit riicht – och wa se selwer behaapt, se géif dat net maachen. Well wien d’Opklärung vu Kanner verhënnere wëll, dee wëll och gläichzäiteg verhënneren, datt Kanner eppes iwwert d’Existenz an d’Rechter vun LGBTQIA+ Mënsche gewuer ginn.
Volt ass schockéiert vun deene ville Leit, déi dës Petitioun ënnerschriwwen hunn. D’Begrënnungen, déi ugefouert goufen, weisen e kloert Onwëssen iwwert de Schoul- a Léierprogramm, eng Onkenntnes vun der Psychologie an der moderner Biologie. Mir wëllen op dëser Plaz d’Argumenter vun der Petitioun ee fir allemol debunken a kloerstellen, wéi wichteg d’Erzéiung am Beräich vun der Sexualitéit allgemeng an zu LGBTQIA+ Themen am speziellen ass.
En Debunking vun de Behaaptunge vun der Petitioun
L'introduction de ces thématiques à un âge précoce risque de perturber le développement psychopédagogique des enfants.
➡️ Falsch! Et gi keng Studien, déi iergendeppes an der Aart suggeréieren. Awéiwäit et d’Entwécklung vun de Kanner stéiere kéint, ass och onkloer – schliisslech geet et hei em Fakten, em biologesch a psychologesch Erkenntnisser. Kanner kréien d’Informatioun, datt et nach Saachen ausserhalb vun der predominanter Heteronormativitéit  gëtt. Et suergt genau am Géigendeel fir e méi harmonescht Zesummeliewen, wa Kanner scho vu Kleng un iwwer verschidde Sexualitéiten an Identitéiten opgekläert ginn. Datt dat an enger kannergerechter Form muss geschéien, ass jidderengem kloer – genausou wéi et am Biologiescours verschidde Methoden, dem Alter entspriechend gëtt, fir Kanner bäizebréngen, wéi d’Reproductioun beim Mënsch fonctionéiert.
Datt d’Schoul esou Aféierungen an LGBTQIA+ Sujete soll maachen, gëtt op ville Plaze gefuerdert. Datt d’Léierpersonal engersäits déi sexuell a geschlechtlech Villfalt méi sichtbar maache soll a sech anerersäits net selwer (ongewollt) diskriminéierend verhale, mä géint Diskriminéierung virgoe soll, weisen d’Resultater vun enger Ëmfro vu méi wéi 700 Schüler*innen aus 24 sechst Schouljoersklassen, 26 Cinquièmen a Quatrièmen aus 20 repräsentativ ausgewielte Schoulen aus Berlin (vun all Typ vu Schoul): „Die Mehrebenenanalysen zeigen, wie hilfreich eine Thematisierung sexueller Vielfalt durch die Lehrkräfte ist. In je mehr verschiedenen Jahrgängen und Fächern Lesbischsein und Schwulsein thematisiert wurde, desto besser wussten die Schüler/innen über LSBT Bescheid und desto positivere Einstellungen zu LSBT hatten sie.“ (Ulrich Klocke, 2012)
Un gouvernement [...] devrait exclure l'enseignement de thématiques LGBT des programmes destinés aux mineurs ou de proposer des options permettant aux familles de choisir si leurs enfants y participent ou non.
➡️ Falsch! Leit, déi an der Educatioun schaffen, hu laut der UN-Kannerrechtskonventioun de gesetzlechen Optrag, Kanner an hirer individueller Perséinlechkeetsentwécklung z’ënnerstëtzen, se viru Geforen ze schützen a Benodeelegungen ofzebauen. All Kand, onofhängeg vun der Geschlechtsidentitéit, sexueller Orientéierung oder anere sozialen Aspekter, huet d’Recht op déi fräi Entfaltung vu senger Perséinlechkeet, Participatioun an op e Léierëmfeld, dat fräi vun Diskriminatioun ass. Och d’UNESCO ënnersträicht an hire Principes directeurs internationaux sur l'éducation à la sexualité, datt zu enger ëmfangräicher sexueller Educatioun LGBTQIA+ Sujete gehéieren. Datt eng vollstänneg Sexualitéits-Erzéiung an -Educatioun immens wichteg ass, betount d’UNESCO ëmmer rëm.
Am Secondaire zu Lëtzebuerg ginn LGTBQIA+ Sujeten a ville verschiddene Fächer thematiséiert: Am Biologies- a Sproochecours an och am Fach „Vie et Société“. D’Zil ass et, de Schüler*innen en neutraalt Verständnis dofir ze vermëttelen, wéi d’Welt fonctionéiert. An engem Interview mam L’Essentiel betount de Raoul Scholtes, Professer fir Biologie a President vun der Féduse/Enseignement-CGFP, datt et net akzeptabel wier, dës Themen optional unzebidden. Hie vergläicht dëst mat der Fro, ob Elteren entscheeden dierften, ob Kanner léiere, wou sech de Chile befënnt, nëmme, well si eng aner Meenung hunn. (Marion Mellinger, 2024)
Le rôle principal de l'enseignement public est de veiller à ce que les écoles se concentrent sur l'acquisition des compétences académiques fondamentales.
➡️ Falsch! D’Educatioun an den Enseignement public hunn e gutt Stéck méi Aufgaben, déi haut och esou unerkannt sinn. D’Educatioun soll d’Perséinlechkeet entwéckelen an een erfëlltent Liewen erméiglechen. D’Educatioun soll gutt ausgebilten Experten dem Aarbechtsmarché zur Verfügung stellen an eis Ekonomie konkurrenzfäeg halen. D’Educatioun soll de Fridden an d’Demokratie sécheren an eist kulturellt Wëssen iwwer Generatioune weiderginn. An deem Sënn ënnerläit eng pädagogesch Institutioun och just dem wëssenschaftlechen an ethesche Konsens. Si kann net op privat Usiichten, Meenungen, Glawen oder Relioune vun deenen Eenzelne Rücksicht huelen, wann een deen Ament riskéiert, géint d’Fakten ze goen – dat entsprécht net dem Educatiounsoptrag vum Staat. Sou mussen z.B. – op d’mannst an deene meeschten europäesche Länner – all Meedercher, onofhängeg vun hirer Relioun, beim Schwammcours matmaachen, all Kanner léieren am gemeinsame Cours „Vie et Société“ verschidde Weltrelioune kennen (onofhängeg vun hirer eegener Relioun), si befaasse sech an der Biologie mat der mënschlecher Reproduktioun an der Evolutionstheorie, an der Geschicht léiere si op neutral Aart a Weis vun deene schlëmmsten a brutaalsten Ausernanersetzunge vun de Mënschen am 20. Joerhonnert, a si hu schlussendlech Enseignantë mat deenen ënnerschiddlechsten Nationalitéiten, Hautfaarwen, Sexualitéiten, Geschlechter a reliéise Konfessiounen. Een x-belibegt Thema erauszepicken an ze verdäiwelen, nëmme well et engem perséinlech net passt, ass net nëmmen Ignorant, ma och respektlos géigeniwwer deem eegene Kand.  Well anescht, wéi et verschidde Leit duerstellen, gëtt an eise Schoulen opgekläert, net indoktrinéiert. E Verbuet wier vergläichbar mat Bicherverbrennungen – et gëtt net iwwert dat geschwat, wat do ass.
Firwat déi sexuell Erzéiung zu geschlechtlecher Diversitéit esou wichteg ass
Déi allgemeng Schoulflicht mécht et inevitabel, sexuell a geschlechtlech Diversitéit an de Schoulen ze berücksichtegen. Am Géigesaz zu anere Kontexter kënne Kanner a Jugendlecher der Schoul net entkommen a verbréngen e groussen Deel vun hirer Zäit do. Eng feindlech oder Ignorant Atmosphär beanträchtegen dowéinst hir Wuelbefannen, hire Léiererfolleg an hir allgemeng Chancen, eng gutt Educatioun ze kréien. Gläichzäiteg bitt d’Schoulflicht déi eenzegaarteg Geleeënheet, jiddwer Mënsch op d’mannst an engem bestëmmten Alter z’erreechen. Wann eng Gesellschaft Virurteeler an Diskriminéierung wëll ofbauen an d’Akzeptanz fir Diversitéit wëll fërderen, da muss een aleng aus pragmatesche Grënn an der Schoul domadder ufänken. Enseignanten an aner pädagogescht Fachpersonal hunn dowéinst eng besonnesch Verantwortung géigeniwwer LGBTQIA+ Jugendlechen. „Empirische Studien belegen, dass bestehende Geschlechterstereotypen Kinder in ihrer Entwicklung behindern.“ (Petra Focks, 2022)
Dobäi kënnt, datt dësen absurde Sträit wéinst perséinlecher Intoleranz um Réck vu queere Jugendlechen ausgedroe gëtt. Well déi sinn nach méi wéi all déi aner Jugendlecher vu mentale Problemer geplot – opgrond vun Intoleranz an Onverständnis vu Gläichaltregen. D’Heteronormativitéit zwéngt queer Jugendlecher dozou, sech selwer nach méi a Fro ze stellen, wéi dat jonk Erwuessener souwisou scho maachen, an et féiert méi heefeg ewéi bei cis/hetero Jugendlechen zu Depressiounen oder Suizid. „LGBTQ+ young people are more likely than their peers to experience a mental health difficulty and may be less likely to draw on specialist support due to fears of discrimination.“ (Town et al., 2022)
An d’Schoul ass dobäi enorm wichteg: „Present data highlights that LGBTQ youth are at a heightened risk for numerous health and educational concerns. Such concerns can be attributed to a […] lack of school curricula and policies that value LGBTQ diversity, and the existence of overall hostile and exclusionary school climates. The level of warmth and positivity in a school environment can positively impact LGBTQ students’ experiences and their subsequent health and educational outcomes.“ (Leung et al., 2022)
Et ass der Schoul hir Aufgab, grad well se eng därmoosse wichteg Institutioun fir jonk Mënschen ass, fir d’mental Gesondheet vun all hire Schüler*innen ze suergen an eis Wäerter vun der Toleranz, de Mënscherechter an der Mënschewürd ze vermëttelen. „Lehrkräfte und andere pädagogische Fachkräfte haben [LGBTQIA+ Kindern] gegenüber eine besondere Verantwortung, weil sich Kinder und Jugendliche aufgrund der Schulpflicht einer möglicherweise abwertenden oder ignoranten Atmosphäre in der Schule nicht entziehen können. Darüber hinaus können alle Kinder und Jugendlichen in der Schule erreicht werden, um etwas über die Situation von LSBTI* zu lernen und auch andere Arten, zu leben und zu lieben, akzeptieren zu können.” (Ulrich Klocke, 2020)
Wa mer der Schoul d’Recht ofschwätzen, iwwert Diversitéit ze schwätzen, sou begruewe mir och eis Wäerter vun der Toleranz, der Oppenheet, der Menschewürd. Volt wäert dës Wäerter ëmmer verteidegen a fir eng fräi Gesellschaft, ouni Zensur, vu politescher Fräiheet an ouni Indoktrinéierung astoen. All Kand, ma all Mënsch huet e Recht op Opklärung. E Recht op Educatioun. E Recht op Wëssen. An d’Schoul ass dat wichtegst Organ, fir dës Rechter ze verteidegen.
Zu gudder Lescht wollte mir nach op déi exzellent an exhaustiv Publikatioun „Let’s Talk about Sex!“ aus dem Joer 2020 vum Gesondheetsministère hiweisen, ee pädagogesche Guide fir Enseignanten.
Quellen:
Petra Focks (2022): Erziehung und Bildung jenseits von Geschlechterstereotypen. W. Kohlhammer Verlag, S. 76.
Ulrich Klocke (2012): Akzeptanz sexueller Vielfalt an Berliner Schulen
Ulrich Klocke (2020): Sexuelle und geschlechtliche Vielfalt in der Schule
Leung et al. (2022): Social support in schools and related outcomes for LGBTQ youth: a scoping review
Town et al. (2022): A qualitative investigation of LGBTQ+ young people’s experiences and perceptions of self-managing their mental health
Marion Mellinger (2024): Petitionäre wollen LGBTQ-Themen aus Schulen verbannen
https://www.regenbogenportal.de/infoartikel/lsbtiq-in-schule-und-jugendarbeit
UNESCO et al. (2018): International technical guidance on sexuality education: an evidence-informed approach
https://www.unesco.org/fr/articles/pourquoi-leducation-complete-la-sexualite-est-importante
Direction de la Santé (2020): Let’s talk about Sex!
No Verhandlunge mat deene Gréngen/EFA a Renew Europe huet Volt seng Membere gefrot fir doriwwer ofzestëmmen, wéi enger Fraktioun Volt fir déi nächst fënnef Joer soll ugehéieren. Eng Majoritéit vu 87% vun de Memberen hu fir déi Gréng/EFA gestëmmt.
D’Co-President*innen vu Volt Europa, de Mels Klabbers an d’Francesca Romana D'Antuono dozou: „Haut ass en historesche Moment fir déi europäesch Politik. Eis nei gewielten Europadeputéiert wäerte Wieler*innen aus ganz Europa vertrieden – onofhängeg vun hirer Nationalitéit. Dat mécht eis eenzegaarteg. Sou wëlle mir d’Politik veränneren a verbesseren.“
Den Damian Boeselager, Europadeputéierten a Matbegrënner vu Volt, seet dozou: „Volt strieft u sech eng eege Fraktioun am Europäesche Parlament un, fir eng wierklech europäesch Partei ze ginn. Bis dohinner froe mir eis Memberen, ze decidéieren, wiem mir eis uschléissen. Ech freeë mech, datt d’Volt-Memberen eiser Recommandatioun nogaange sinn, sech deene Gréngen/EFA unzeschléissen, well dës Fraktioun eis Missioun am beschten ënnerstëtzt, an zwar, sech fir eng EU-Reform, human Migratiounsreegelen, eng Wirtschaft, déi konkurrenzfäeg ass, den Iwwergang zur Klimaneutralitéit a sozial Gerechtegkeet anzesetzen. Mir hoffen och, datt dëst déi Gréng/EFA doranner bestäerkt, en Deel vun der Von-der-Leyen-Majoritéit ze sinn, fir de Green Deal ze sécheren.“
D’Anna Strolenberg, Europadeputéiert, confirméiert: „De Kampf géint Rietspopuliste steet am Mëttelpunkt vun der Agenda vu Volt an ass ee vun de Grënn, firwat mir dës Beweegung gegrënnt hunn. Fir eis gehéieren déi Gréng/EFA zu deene Gruppen, déi am Kampf géint de Rietspopulismus mat déi gréisste Credibilitéit hunn, an et ass kloer, datt d’Volt-Memberen aus ganz Europa dat d’selwecht gesinn.“
Déi fënnef Deputéiert hunn dëst de Méindeg op enger Pressekonferenz erkläert.
Volt gewënnt 5 Sëtz am Europäesche Parlament
Volt huet mat engem staarke Resultat a ganz Europa insgesamt fënnef Sëtz am Europäesche Parlament krut, zwee Sëtz an Holland an dräi Sëtz an Däitschland. An deenen zwee Länner hu mir mat eisen Resultater e Sëtz virun de rechtsextreme Parteie krut an esou eise Succès bei der Fërderung vun enger integrativer Demokratie bestätegt, dat géintiwwer enger Politik, déi just drop aus ass, ze splécken.
A 15 Länner hun iwwer 1,4 Millioun europäesch Bierger*innen hir Stëmm fir d’Visioun vu Volt ofginn. Mir sinn immens stolz op dëst Mandat, dat en kloren Appell fir Reformen an Erneierung am Häerz vum europäesche Projet ass.
Eis nei gewielte Deputéiert vum Europäesche Parlament sinn:
den Damian Boeselager (Däitschland)
d'Nela Riehl (Däitschland)
den Reinier van Lanschot (Holland)
d'Anna Strolenberg (Holland)
den Kai Tegethoff (Däitschland)
Dës fënnef Deputéiert wäerten am Europäesche Parlament onermiddlech zesumme schaffen, fir d’Visioun vu Volt ze fërderen. Si setzen sech a fir e méi staarkt, méi integréierend an e wierklech demokratescht Europa, dat déi grouss Erausfuerderunge wéi de Klimawandel, déi wirtschaftlech Erneierung an d'Sécherheet duerch eenheetlech, op Fakte baséiert politesch Mesüren ugeet.
Volt ass keng national, mä eng europäesch Partei. Mir hu keng hollännesch oder däitsch Sëtz. Mir hunn europäesch Sëtz am Europäesche Parlament. Den Damian, d'Anna, de Reinier, d'Nela an de Kai vertrieden alleguerten d'Membere vu Volt Europa.
Iwwerleeungen zur lëtzebuergescher Campagne
Politik iwwer Mënschen
Bei Volt si mir grondsätzlech der Meenung, datt eng gutt Regierung doduerch entsteet, datt mer der Politik Prioritéit virun eenzele Perséinlechkeete ginn. Dëse Konzept ass vläicht zu Lëtzebuerg onkonventionell, mä et weist par excellence eis Grondwäerter vun der rationeller, léisungsorientéierter Entscheedungsbildung, an dat zum Wuel vun allen Europäer*innen.
Bréifwal
Eng grouss Erausfuerderung, déi eis wärend dëser Campagne opgefall ass, ass den Zäitpunkt vun der Bréifwal zu Lëtzebuerg. Vill Wieler*innen hunn hir Stëmm virun dem Héichpunkt vun de Campagnenaktivitéiten ofginn, wat eis weist, datt den Zäitplang vun der Campagne iwwerschafft muss ginn, fir och sécherzestellen, datt all Wieler*in Zougang zu ausgibegen Informatiounen huet, iert se hir Entscheedung treffen.
Exclusioun vun net-lëtzebuergesche Wieler*innen
Et mécht eis Suergen, datt d'Net-Lëtzebuerger*innen ëmmer nach ausgegrenzt ginn. Dëse Problem, dee mir an eiser Klo bei der ALIA och ervirgehuewen haten, ënnersträicht alt nees d'Noutwendegkeet fir d'Aart a Weis, wéi dës Wieler*innen informéiert ginn, z'iwwerschaffen. Et muss ee sécherstellen, datt alleguerten d'Awunner*innen a vollem Ëmfang iwwert déi relevant Informatioune verfügen an um Walprozess deelhuele kënnen. Wann dat net de Fall ass, sollten déi ëffentlech-rechtlech Medie mat den néidege Mëttel ekipéiert ginn, fir dëser Flicht zur Informatioun nozekommen - an dës Flicht gëllt vis-à-vis vun der gesamter Bevëlkerung, an net nëmme vis-à-vis vun deene Bierger*innen, déi Lëtzebuergesch schwätzen.
Dat selwecht gëllt och fir Debatten, déi op Chamber.tv gewise ginn.
Mir wäerten eis weiderhi fir Reformen asetzen, déi all Awunner*in, net nëmmen de Lëtzebuerger*innen, Informatiounen an eng Stëmm ginn.
Stäerkung vun de Walkampfreegelungen
Et brauch ee streng Virschrëfte fir Walcampagnen, besonnesch an de soziale Medien. D'Stäerkung vum Mandat vun der ALIA fir dës Aktivitéiten ze reegelen ass immens wichteg fir datt d'Wale weiderhi fair an transparent sinn. d'ALIA muss d'Méiglechkeet kréien, wärend dem Walkampf konsequent agräifen ze kënnen. Mir waarden ëmmer nach op eng Äntwert op eis Klo, an hir Relevanz hëlt mat der Zäit no der Wal of. Dowéinst haten englesch- a franséisch-sproocheg Bierger*innen keen Zougank zu relevanten Informatiounen iwwert de Walkampf.
Volt Lëtzebuerg seet op dëser Plaz alleguerte senge Wieler*inne Merci, déi eis mat hirer Stëmm och hirt Vertraue geschenkt hunn. Eis haart Aarbeacht als Kandidat*innen am Benevol huet sech bezuelt gemaach, well mir no der Corona-Pandemie praktesch bei 0 ugefaang hunn. Kee vun eise Kandidat*innen huet bis ewell e politescht Amt gehat an op dem Lëtzebuerger Niveau vum nationale Parlameent si mer och net immens bekannt.
Mä grad wéinst all deene Leit, déi eis ënnerstëtzt hunn, konnte mir eis Iddi vir ee vereentent Europa, eise gemeinsame pan-europäesche Projet, nach vill méi bekannt maachen, wéi dat bis ewell de Fall war.
Dofir brauche mer elo ëmsou méi är Ënnerstëtzung, fir datt mer no der europäescher Victoire vun ëmmer méi rietsextreme Parteien erëm un eisen Dram vun engem vereenten Europa gleewe kënnen. Dowéinst: Gëff elo Member oder spent e puer Suen (oder déi zwee gläichzäiteg! 😉), fir datt mir weiderhi géint Rietspopulismus kämpfe kënnen.
Kuckt Iech den Interview op op RTL un!
Den RTL schreift dat Follgend iwwert den Interview:
VOLT bezeechent sech selwer als europäesch Partei, déi och a verschiddene Staate mat Lëschten untrëtt. D'Angscht, dass duerch e méi staarkt Europa kleng Länner méi schwaach wieren, léisst de Politiker net gëllen: "E klengt Land wéi Lëtzebuerg wier ouni Europa guer näischt. Dat ass einfach Fakt, dat gesi mer elo schonn un deem, wéi Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Lëtzebuerg huet bis elo schonn immens vill vun der EU profitéiert a kann nëmme weider profitéieren, wa mer méi zesummeschaffen."
Europa viru groussen Erausfuerderungen
D'Partei wier och dofir, dass d'Ukrain weider Waffe geliwwert kritt an et wier een och fir eng europäesch Arméi. Grouss Länner hätte wuel méi Zaldoten, ma de Virdeel wier, dass een ënnert de Memberen d'Ressourcë kéint deelen. Lëtzebuerg wier staark an allem wat technesch Kompetenze wieren: "Wa mir elo eng Infrastruktur, eng Logistik oder esou hei opbauen, da kéint ee soen, an enger europäescher Arméi bitt Lëtzebuerg eeben dee logisteschen Deel."
Europäescht Grondakommes fir jiddereen
D'Iddi vun engem europäesche Grondakommes géif bedeiten, dass jiddereen, deen ënnert engem gewësse Seuil verdéngt, da keng Steiere méi géif bezuelen, mee amplaz Suen erëmkritt, esou de Philippe Schannes am Interview. Am Programm vu Volt gouf festgehalen, dass jiddereen op d'mannst  500 Euro géif kréien, e Betrag, deen awer vu Land a Regioun variabel misst gekuckt ginn: "Do maache mir eis och näischt vir, dass natierlech Süditalien anescht wéi Norwegen ass, dat ass kloer. Dat heescht, dat muss een deemno wéi upassen, dass jiddereen déi Kafkraaft huet, déi en och brauch."
Klimaneutralitéit wichteg fir Europa
De Green-Deal geet fir de Philippe Schannes net duer. D'Klima wier de Problem Nummer eent vun der Zukunft. D'Pandemie an déi aktuell Kricher hätten elo de Fokus e bëssen ofgelenkt, ma et géif den zentrale Problem fir d'Mënschheet bleiwen.
Op europäeschem Plang géif ee sech Fraktiounsstäerkt wënschen, dat wier ambitiéis awer net onrealistesch. Och VoltLëtzebuerg wier Deel vun dem europäesche Projet an et géif een hoffen, dass dee Message och zu Lëtzebuerg géif ukommen.