Maach mat a sief en Deel vum Wandel!

Du wëlls Member ginn? Bass du genausou begeeschtert vun der europäescher Iddi ewéi mir? Hei gëss de gewuer, wéi s de bei eis matmaache kanns!

Maach mat a sief en Deel vum Wandel!

En Membre effectif ginn

Wann s du Volt-Member gëss, da gëss de Deel vun eisem Team a kënns an de Genoss vu follgende Privileegien:

  • Zougank zu all Assemblée Générale vu Volt Lëtzebuerg a vu Volt Europa

  • Walrecht souwuel bei Volt Lëtzebuerg wéi och bei Volt Europa - aktiv (ka wielen) a passiv (ka sech opstellen a gewielt ginn)

  • Zougrëff op eng Volt-Emailsadress

  • Zougrëff op en eegene Volt-Drive

Cotisatioun

  • De reguläre Membersbeitrag ass 60 € pro Joer.

  • Fir Student*innen, Pensionären, Leit ouni Aarbecht oder ouni Akommes ass d'Cotisatioun 12 € pro Joer.

Wéi gesäit den Umeldungsprozess aus?

Wann s du ënnen op der Säit op de Knäppchen "Gëff elo Volt-Member" klicks, gëss de op eis Websäit mat dem Umeldungsformulaire weidergeleet. Gëff hei deng E-mailsadress un, wiel deng Aart vu Memberschaft a fëll de Froebou aus. Duerno (gëff eis wgl. e puer Deeg Zäit) gëss de vun engem Volt-Member fir e kuerzt Aféierungsgespréich kontaktéiert - dat ass deng Chance, fir Froen iwwert Volt ze stellen an eng Geleeënheet fir eis, dech e bësse kennenzeléieren.

Gëtt et iergendwellech Verflichtungen a wéi vill Zäit muss een investéieren?

Mir alleguer maachen eis Aarbecht bei Volt am Benevol - du muss also keng bestëmmten Unzuel vu Stonne leeschten, ausser du géifs dech elo op eng offiziell Plaz op nationalem op europäeschem Niveau mellen. Generell si mir einfach frou, wann s du deng Interesse bei Volt erëmfënns an s du dech op deng Manéier sou abrénge kanns, wéi s du dat wëlls.

Wann s de weider Froen zur Affiliatioun oder zu Volt am Allgemengen hues, schéck eis wgl. eng E-Mail un [email protected].