Volt wënscht Iech e schéinen 🇱🇺 Nationalfeierdag!
Volt wënscht Iech all e schéinen an entspaante Feierdag (muar!). Dëse spezielle Dag ass eng Geleeënheet, zesummen driwwer nozedenken, wat Lëtzebuerg esou besonnesch mécht: seng Diversitéit, seng Oppenheet a seng international Säit.
Fir dës Geleeënheet ze markéieren, hu mir e kuerze Video zesummegestallt, an deem mir iwwer Lëtzebuerg a säi internationalen Charakter nodenken – an iwwer dat, wat eist Land esou besonnesch mécht.
An wéi feiert Dir eisen Nationalfeierdag? Entspaant Dir mat der Famill, oder feiert Dir mat Frënn op enger grousser Party? Loosst eis et an de Kommentaren op Social Media wëssen! 💜