Eise Volt Lëtzebuerg Merch-Shop ass elo online! 💜
Laang hutt dir gefrot, ob et eng Méiglechkeet géif ginn, offizielle Volt Lëtzebuerg Merchandise ze kréien. Ob fir d'Walcampagne, fir un engem vun eisen Evenementer deelzehuelen oder einfach fir äre Support am Alldag ze weisen: Mir si frou iech kënnen ze soen, datt d'Waarden eriwwer ass! Eisen offizielle Volt Lëtzebuerg Online-Merch-Shop ass elo live! Vun T-Shirten an Hoodië bis hin zu aneren Accessoirë kënnt Dir elo Volt iwwerall wou dir higitt, undoen, an dobäi eis Beweegung ënnerstëtzen.
Fir dat méiglech ze maachen, hu mir eis mat getshirts zesummegedoen, engem Print-on-Demand-Provider. All Artikel gëtt ëmmer réischt no enger Bestellung gedréckt a produzéiert, wat hëlleft, onnéideg Iwwerproduktioun an Offall ze reduzéieren.
Mir wollten och séchergoen, datt eise Merchandise verantwortungsvoll produzéiert gëtt. Laut getshirts kommen d'Textilien exklusiv vu suergfälteg ausgewielte Marken, déi sech op Qualitéit, nohalteg Materialien a fair Aarbechtsconditioune konzentréieren. Vill vun de Produite gi vun der B&C Collection geliwwert an hunn unerkannt Zertifikater wéi OEKO-TEX®, Fair Wear Foundation an den Organic Content Standard. D'Hiersteller vun der B&C Collection leeën och grousse Wäert drop, hir Materialie verantwortungsvoll ze beschafen, si reduzéieren hiren Ëmweltimpakt a suerge fir Transparenz an der ganzer Liwwerketten.
All Kaf ënnerstëtzt och direkt Volt Lëtzebuerg. Mir kréien e klengen Undeel vun de Recettë vun all verkaaftenem Artikel, wat eis hëlleft, Evenementer z'organiséieren, Campagnen ze féieren an hei zu Lëtzebuerg weiderhin eng méi staark Beweegung opzebauen.
Also wann Dir schonn eng Kéier iwwerluecht hat, Volt-Merch ze kafen, ass dat elo déi perfekt Geleeënheet. Dir kritt net nëmmen héichwäerteg Kleedung, mä Dir hëlleft eis och eis Botschaft ze verbreeden a weist Support fir eis.
Merci un all déi, déi eis ënnerstëtzen – mir freeën eis drop, Iech a Volt gekleet ze gesinn! 💜