Eng nei Politik. En neit Europa.

Mir gestalten a ganz Europa eng Politik, déi léisungs- an zukunftsorientéierend ass. Well mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt gemeinsam Erausfuerderunge Léisunge brauchen, déi iwwer national Grenzen eraus ginn. Wien et mat der Zukunft vun Europa eescht méngt, dee muss europäesch denken an handelen. Eis Visioun: e vereentent Europa mat enger fëderaler Demokratie. Dowéinst musse mir pragmatesch Léisungen aus Europa notzen, fir souwuel de Gesondheets- wéi och den Educatiounssystem ze reforméieren an eis Ekonomie méi digital a méi sozial gerecht ze maachen. Dowéinst musse mir d'Klimakris zesummen ugoen.

Op dëser Plaz fannt dir eis wichtegst politesch Themen. Fir déi gesamt Iwwersiicht iwwert alleguerten eis Fuerderunge biede mir iech awer, eise komplette Walprogramm ze kucken.

Eis politesch Themen

Eng EU, déi floréiert, mat neier Legitimitéit
Mir bei Volt gleewen drun, datt mer d'EU doranner kënne stäerken, kollektiv ze handelen, fir sécher ze stellen, datt d'Memberstaate beim Ugoe vu gemeinsamen Erausfuerderungen effikass zesummeschaffen. Immens wichteg dobäi ass et, déi demokratesch Legitimatioun vun der EU ze stäerken.
Zesummen erfollegräich sinn
Obwuel Gläichheet, Fairness an Demokratie fundamental europäesch Wäerter sinn, si se net fir jiddereen um Kontinent eng Realitéit. Eis Gesellschaft ass gespléckt wéinst Facteure wéi Räichtum, Hierkonft, Geschlecht a Fäegkeeten: arbiträr Differenzen, déi verschidde Leit stäerken, an dobäi awer anerer ausschléissen.
Eng nei Ekonomie, déi fir all Mënsch fonctionéiert
Eng ambitionnéiert Klima-Agenda fir Europa

Déi 5+1 Erausfuerderungen

Volt huet 5+1 fundamental Erausforderungen definéiert, déi mir an all europäeschem Land an an Europa als e Ganzt mussen ugoen.

Firwat 5+1 Erausfuerderungen?

Déi 5 Erausfuerderungen sinn am Fong an all Land déi selwecht, mä hier Ëmsetzung kann op nationalem Niveau ugepasst ginn, fir datt dee lokale Kontext berücksichtegt gëtt.

D’+1 Erausfuerderung – eis Propose fir eng Reform a Stäerkung vun der EU – ass an all eisen nationale Programmer d’selwecht.

D'Detailer vun eiser Visioun kucken
  • 01

    En intelligente Staat

    Educatioun an Digitaliséierung sinn d’Schlësselelementer vum 21. Joerhonnert.

  • 02

    Eng ekonomesch Renaissance

    Eng innovativ Wirtschaft muss de Motor fir de Fortschrëtt an der Gesellschaft sinn.

  • 03

    Sozial Gläichberechtegung

    Kee soll zréckgelooss ginn - onofhängeg vum Geschlecht, dem Akommes, der Relioun oder der Hierkonft.

  • 04

    E globalen Ausgläich

    Europa muss Verantwortung iwwerhuelen fir seng Roll an de globalen Erausfuerderungen.

  • 05

    D'Stäerke vun de Bierger*innen

    D'Leit mussen dozou incitéiert ginn, d'Politik net just mat de Walen ze beaflossen.

  • +1

    EU-Reform

    Mir hunn d'EU immens gären - dat heecht awer net, datt een se net méi verbessere kann.