Venezuela: Wéi Europa op dat Dilemma kéint reagéieren
Mir sollten net tëscht dem Stierzen vum Maduro an dem Zerfall vun der internationaler Uerdnung misse wielen. Wann Europa méi eenheetlech wier, wiere mir besser equipéiert, fir esou Aktiounen entgéintzewierken.
Mir sollten net mussen entscheede, ob mir d’Entféierung vun engem Diktator wéi dem Maduro oder den Zesummebroch vun der internationaler Uerdnung feieren.
Awer et ass genee dëst onméiglecht Dilemma, virun dat eis d’USA duerch hiren Asaz a Venezuela gestallt hunn. Vum Sánchez a Spuenien, deen eng Erklärung ënnerschriwwen huet, an där d'USA zesumme mat e puer südamerikanesche Regierungen gewarnt goufen, bis hin zur Meloni, déi den Asaz als legitim deklaréiert huet, hu sech d'Reaktiounen an Europa ënnerschiddlech entwéckelt, wat du schlussendlech zu enger Ausso vun der Von der Leyen gefouert huet, déi aussergewéinlech wéineg politesch Bedeitung hat. Ironischerweis weist dës Situatioun, wéi d'USA hir nei Strategie fir national Sécherheet et ausnotzt, datt een sech an der EU nach ëmmer net a villem eens ass. Si notzen dat aus fir eis ze schwächen – en Zil, dat explizit och esou vun hinne genannt gouf.
En vue vun deem, wat geschitt ass, kënne mir eis awer och entscheeden, net inaktiv ze bleiwen an eppes z’ënnerhuelen. Obwuel d’EU-Kommissioun onfäeg ass ze handelen, kéinten d'Memberlänner eng europäesch Versammlung fir eng nei Constitutioun – eng EU 2.0 – etabléieren, an där d'Representanten demokratesch an direkt vun de Bierger*innen gewielt géife ginn. Si kéinten och Schrëtt ënnerhuelen, fir nei supranational Alliancen ze schafen, fir autoritäre Leader wéi dem Trump Drock ze maachen a si fir hir Handlungen zur Rechenschaft ze zéien. Domadder kéint een eventuell och déi falsch moralesch Iwwerleeënheet an den Duebel-Standard opginn, dee bis ewell dozou gefouert hat, datt sech de Globale Süde vun eis entfriemt huet.
D’EU-Staate kéinte souguer, ouni direkt esou wäit goen ze wëllen, muer endlech decidéieren, d'Artikelen 42 a 46 vun de Verträg z’aktivéieren an domat d'Grondlag fir eng gemeinsam Verteidegung ënner der Iwwerwaachung vum Parlament ze leeën. Si kéinten och Artikel 311 aktivéieren an d'Grondlage fir e gemeinsame Steiersystem leeën, andeems si hir eege wirtschaftlech Ressourcen opbauen, wat den duebele Virdeel hätt, d'finanziell Verloschter duerch Steierhannerzéiung vu grousse multinationalen Entreprisen ze stoppen an d'Bierger*innen z'ënnerstëtzen, déi et leed sinn, tëscht der Finanzéierung vu Kricher an dem Verdéngen vum Liewensënnerhalt wielen ze mussen.
Mat enger konkreter Bedrohung, wéi där vun engem militäreschen Ugrëff, konfrontéiert, sinn déijéineg, déi sech net änneren, dozou verurteelt, ze scheiteren. D'EU huet eng lescht Chance, d'Zukunft nei ze gestalten. Volt gesäit déi eenzeg Léisung fir esou e Problem doranner, datt d'europäesch Länner zesumme viruginn an zesummestinn. Loosst eis dës Geleeënheet elo net verpassen!
Artikel vum Francesca Romana D'Antuono, Co-Presidentin vu Volt Europa
______________
Mir deelen dee selwechte Dram vun engem vereenegten, bléienden Europa. Deng Spend bedeit eis vill. Wann s du eis hëllefe wëlls, mat Zouversiicht kënnen ze plangen, da soe mir dir och Merci fir e monatleche Bäitrag 💜