Weltfraendag 2026: D'Rechter vun de Fraen musse konsequent gestäerkt ginn

Um Internationalen Dag vun de Fraen huet Volt Lëtzebuerg um 8. Mäerz un der Marche Féministe deelgeholl, déi vun der JIF (Journée Internationale des Femmes) organiséiert gouf. Zesumme mat méi wéi dausend engagéierte Leit si mir duerch d'Stroossen gezunn, fir eng kloer Botschaft ze schécken: Fraerechter si Mënscherechter a musse konsequent geschützt a weider ausgebaut ginn!

9. Mrz. 2026
Volters holding flags and posters. One poster says

Lëtzebuerg huet an deene leschte Jore wichteg Fortschrëtter gemaach. Besonnesch déi rezent Verfassungsännerung, déi d'Recht op Ofdreiwung stäerkt, ass e bedeitende Schrëtt an d'Richtung vun der Selbstbestëmmung vun de Fraen. Dëst Recht muss permanent geschützt bleiwen, an mir begréissen dës Ännerung.

Gläichzäiteg däerfe mir awer net do ophalen. D'JIF huet kloer politesch Fuerderunge formuléiert. Vill vun dëse Fuerderungen decke sech mat de Wäerter an de politeschen Ziler vu Volt. Besonnesch ënnerstëtze mir Moossname fir e méi gerechten an inklusive Gesondheets- a Sozialsystem, souwéi fir méi Selbstbestëmmung iwwert den eegene Kierper.

Dofir fuerdere mir ënnert anerem:

  • Universellen a bedéngungslosen Zougang zu Gesondheetsversuergung fir all Persounen, déi a Lëtzebuerg liewen – onofhängeg vum administrative Status, Akommes oder Versécherungsstatus. Gesondheet däerf net zu engem Produit ginn, mä muss als e Bien collectif organiséiert ginn.

  • Den Ausbau vun engem op Solidaritéit baséierten ëffentleche Gesondheetssystem, zum Beispill duerch ëffentlech Gesondheetszentren, besser Aarbechtsbedéngungen am Gesondheetssecteur, d'Erweiderung vum 'tiers payant'-System an déi vollstänneg Ofdeckung vun den néidege Behandlungen, psychesch Betreiung inclus.

  • De konsequente Kampf géint geschlechtsspezifesch Ongläichheeten an der Medezin, zum Beispill duerch méi Fuerschung an der Gesondheet vun de Fraen, d'Unerkennung vu bis ewell net genuch diagnostizéierten Zoustänn wéi Endometriosen oder PCOS, an d'systematesch Integratioun vun enger Gender-Perspektiv an d'medezinesch Ausbildung, Fuerschung a Praxis.

  • Staark sexuell a reproduktiv Rechter, an domat och e sécheren, net-diskriminatoreschen a gratis Zougang zur Ofdreiwung, gratis Verhütungsmëttel an eng ëmfaassend affektiv a sexuell Educatioun.

  • Bekämpfung vu sexistescher, sexualiséierter an institutionaliséierter Gewalt als zentraalt Thema vun der ëffentlecher Gesondheet, mat besseren Ënnerstëtzungsstrukturen, psychotraumatologescher Betreiung, Präventioun an der Ausbildung vu spezialiséiertem Personal.

  • Eng ambitiéis Politik fir déi psychesch Gesondheet, déi d'sozial Ursaache vu Stress, Burnout a mentaler Belaaschtung eescht hëlt, zum Beispill duerch besser Aarbechtsbedéngungen, méi staark Präventioun, besser Betreiung a Moossname géint Prekaritéit an Aarmut.

  • Méi sozial Gerechtegkeet a wirtschaftlech Gläichheet, dorënner Moossname fir Aarmut ze bekämpfen, d'Stäerke vum ëffentleche Pensiounssystem an eng besser Unerkennung vun deene Liewensrealitéiten, déi duerch Geschlechterongläichheete gepräägt sinn.

Volters going in the march (in the streets) with flags and posters. Lots of people in the background.Donieft ass eis allerdéngs eppes an der Medieberichterstattung iwwer de feministesche Marsch opgefall. Bis ewell huet kee vun de grousse Medien zu Lëtzebuerg – weder d'Luxemburger Wort, nach RTL oder de L'Essentiel – ernimmt, datt politesch Parteien och aktiv um Marsch an un de Protester deelgeholl hunn. Keng vun de publizéierte Fotoen weist e Parteiefändel. Vu datt awer eng grouss Unzuel u Fotoe vun der Demonstratioun verëffentlecht goufen, schéngt dat eng bewosst redaktionell Decisioun ze sinn.

Dëst werft awer Froen op. Schliisslech huet de Marsch kloer politesch Themen traitéiert, an d'JIF huet zesumme mat aneren Organisatioune konkret Fuerderungen un d'Politik geriicht. An an esou engem Kontext wier et zimmlech relevant, datt d'Ëffentlechkeet gesäit, wéi eng politesch Acteure präsent waren – a wéi eng net.

Et ass och opfälleg, datt déi zwou Regierungsparteien um Marsch iwwerhaapt net ze gesi waren. Am Allgemenge schéngen déi meescht Parteie gefeelt ze hunn. Vertrieder vun der LSAP, déi Lénk, der KPL an déi jonk Gréng ware mol vun eis kloer ze gesinn. Allerdéngs konnte mir keng Delegatioune vun der DP, der CSV, de Piraten oder der ADR erkennen.

Lo freet een sech natierlech, firwat d'Medien dëse Punkt onkommentéiert loossen. D'Medien hunn eng wichteg Verantwortung, d’Bierger*innen ëmfaassend Informatiounen ze bidden – dorënner och Informatiounen doriwwer, wéi eng politesch Parteie bei soziale Protester präsent sinn a wéi eng eben net. Transparenz an dësem Beräich ass Deel vun enger lieweger demokratescher Debatt.

Fir eis bleift eppes kloer: Gläichheet ass net eng symbolesch Fuerderung fir just un engem Dag am Joer, mee eng permanent politesch Aufgab. Als progressiv europäesch Partei engagéiere mir eis fir eng Gesellschaft, an där all Mënsch, onofhängeg vu Geschlecht oder Identitéit, fräi, sécher a gläichberechtegt liewe kann.

Den Internationalen Dag vun de Fraen erënnert eis dorunner, datt Fortschrëtt méiglech ass. Elo ass et Zäit, weiderzemaachen a virunzegoen.