Honnerte Mënsche setzen sech bei de Marches for Open Borders géint d’Grenzkontrolle bannent Europa an

Mat Aktiounen a Protestmärsch op zéng europäesche Grenzen hunn Honnerte Leit fir d’Beweegungsfräiheet an Europa a géint Grenzkontrolle bannent der EU protestéiert.

20. Jul. 2025
Lots of Volters marching with flags and banners

Marches for Open Borders: E Samschdeg si Mënschen aus ganz Europa mat Volt op d’Strooss gaangen an hunn en Zeeche gesat fir e staarkt, oppent a solidarescht Europa.

 

Honnerte Leit sinn e Samschdeg op Grenzpunkten op d’Strooss gaangen, fir mat den „Marches for Open Borders“ en Zeeche fir Fräiheet a géint Grenzkontrolle bannent Europa ze setzen. D’’Aktioun huet d’Fuerderungen no engem Europa ouni Grenzen erëm an d’ëffentlech Debatt erabruecht.

Besonnesch vill Mënsche koumen op d’Demonstratioun zu Frankfurt (Oder). An der polnescher Partnerstad Słubice op där anerer Säit vun der Oder war d’Demonstratioun aus Angscht viru rietsradikalen Ausschreidungen uganks verbuede ginn. Dunn hunn sech dann d’Demonstranten*innen vu béide Säiten zu Frankfurt (Oder) zum Marsch getraff a goufe vum Buergermeeschter vu Frankfurt a vun der Buergermeeschtesch vu Słubice op e gemeinsamen, ëffentleche Picknick op der polnescher Säit agelueden.

Och zu Lëtzebuerg mam March for Open Borders rëm um Dräilännereck demonstréiert. Déi gutt 75 Participante sinn zu Apach (Frankräich) lassgaangen, goungen dann duerch Pärel (Däitschland) fir iwwert Muselbréck riwwer op Schengen (Lëtzebuerg) ze kommen an do Ofschlossrieden ze halen.

Déi vu Volt Däitschland koordinéiert Märsch goufe wéinst dem 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes organiséiert – engem Meilestee vun europäescher Integratioun, deen haut ëmmer méi a Fro gestallt gëtt. Iwwert déi lescht Joren hunn déi däitsch Regierunge Grenzkontrollen zu den Nopeschlänner agefouert an och verschäerft, ouni datt et eng legal Grondlag dofir géif ginn. „Mir wëllen dës Aschränkung vun eiser Beweegungsfräiheet net méi weider akzeptéieren. Dowéinst hu mir EU-Kommissioun dozou opgefuerdert, eng Prozedur wéinst Infraktioun vum Ofkommes géint Däitschland an elo och géint Polen opzemaachen.“, seet den Damian Boeselager, Europadeputéiert vu Volt. „Haut protestéiere mir a ganz Däitschland op zéng Grenze fir eis Fräiheet.“

Déi stationär Grenzkontrollen hu real a schiedlech Auswierkungen op déi europäesch Integratioun, d’Wirtschaft an eis individuell Fräiheeten. „Grad Lëtzebuerg, dat schonn ëmmer e Symbol vun europäescher Eenegung an Zesummenaarbecht war, gëtt vun dëse Kontrolle schwéier getraff.“, betount de Philippe Schannes, Co-Präsident vu Volt Lëtzebuerg. „ Ouni Frontaliere géif Lëtzebuerg ënnergoen. D’Grenzkontrolle sinn en Hohn a suergen op en Neits fir Virurteeler géigeniwwer Mënschen aus aneren EU-Länner. Mir wëllen europäesch Zesummenaarbecht, a keng Symbolpolitik.“

Philippe Schannes behind a podium giving a speech. In the foreground there are blurred Volt posters and flagsMillioune vun Europäer*inne si betraff, déi dagdeeglech iwwert d’Grenze schaffe kommen, reesen oder handelen. Fir si bedeit dat net nëmme méi Bürokratie a Waardezäit, mä och Käschten, déi ëmmer méi an d’Luucht ginn an eng Liewensqualitéit, déi ëmmer méi erof geet. Aleng just d’Waardezäit am Wuerentransport féieren zu Verloschter vun ettleche Milliarden Euro pro Joer fir Entreprisen.

„Fir vill Leit ass dat fräit Reesen, Handelen a Liewe bannent Europa enorm wichteg. Dofir setze mir eis haut an!“, sou d’Isabel Arens, Mat-Initiatrice vum March for Open Borders. Volt wäert sech weiderhi fir d’Anhalen an d’Restauratioun vun der europäescher Beweegungsfräiheet asetzen – als Fundament vun engem gëeenten Europa, dat Fräiheet, Solidaritéit a Mënschlechkeet iwwer isoléiert national Initiative stellt.

 

(Fotoe vum Thorsten Janz, @photogenitaet