Fraen an der Politik

Den 8. Mäerz war Weltfraendag a mir ware mat dobäi bei der Marche féministe. En Haaptuleies vu Volt ass de Problem, datt d'Politik ëmmer nach gréisstendeels vu Männer bestëmmt ass.

9. Mrz. 2025
people marching in the women's march. Aurélie Dap and Lara Marwaha in front marching for Volt

Als Deel vun der Léisung vum Problem hat Volt d'Iddi, de Fraen eng Tribün ze ginn. Zesumme mat Volt Frankräich, Volt Belsch a Volt Schwäiz hu mir Fraen zu Wuert komme gelooss.

Den ëffentleche Raum ass eng Plaz, wou een sech kann austauschen, sech begéinen a wou een d'Gesellschaft matbestëmme kann. Dowéinst muss e repräsentativ, villfälteg a sécher sinn.

Wärend ville Joren ass mäi Liewen no deem Rhythmus gelaf: Kanner, Aarbecht, Bett. Du si meng Kanner zu Teenager ginn. An du wore Gemengewalen. An d'Paritéitsgesetz [a Frankräich]. Also hunn ech d'Hand gehuewen, fir gewuer ze ginn, wat mat menge Steiere gemaach gouf an och, fir Aktiounen fir eis Jugendlecher virzeschloen. Ech hunn also wéinst oder dank dem Paritéitsgesetz an der Politik ugefaang. An ech gouf net enttäuscht! Zanterhier hunn ech net opgehal, mech fir d'Politik z'engagéieren, sou gutt wéi et mir ebe méiglech ass a wéi ech et mir wënschen. Fir mech ass eppes kloer: Ech wëll net méi just anere Leit et iwwerloossen, Entscheedungen iwwert meng Zukunft oder där vu menge Kanner ze treffen. – Anne G.

Zu Lëtzebuerg si just 21 vu 60 (35 %) vun den Deputéierten an der Chamber Fraen. Buergermeeschtesche ginn et der 16 bannent 102 Gemengen (15,6 %). An nëmme 37 vun den 225 Schäffe-Mandater (16,4 %) gi vu Fraen ausgeüübt.

Ech engagéiere mech säit mengem 18. Liewensjoer bei Volt a konnt vu menger lokaler Grupp zu Toulouse an d'national Ekipp opsteigen a bei dräi Walen als Kandidatin untrieden. Dës Erfarung huet mer Selbstvertraue ginn a mäi Verständnis vu Politik verbessert, och op Bezuch op déi manner attraktiv Aspekter wéi déi mangelnd Bedeelegung vu Fraen. Ech denken, datt all Partei intern fir d'Paritéit vun de Geschlechter muss antrieden, iwwert dee politeaschen Discours eraus. – Élise M.

D'Geschicht ass voll mat talentéierte Fraen, déi et gewot hunn, Problemer unzepaken an de Wee ze weisen. Hautzedags engagéiere sech vill Fraen einfach net oder se traue sech net, an der Politik aktiv ze ginn.

Ech hu mech eréischt spéit a mengem Liewen an der Politik engagéiert, den Ausléiser war d'Fro: „Wat fir eng Welt wëll ech mengen Enkelen hannerloossen?“ D'Haaptzil vu Volt ass mëttel- oder laangfristeg an entsprécht gutt hirer Liewenserwaardung. Awer et muss elo nach dru geschafft ginn. Menger Meenung no ass meng Motivatioun vu Weiblechkeet gepräägt ... Et huet mat dem Schenken, Tradéieren a Weiderginn u Mënschen ze dinn, et fänkt mam Schutz vu menger Famill un, an dat anescht ewéi just duerch eng reng finanziell Ierfschaft, dat allgemeng natierlech éischter eng männlech Verflichtung bleift. – Christine G.

Ängscht, eng mangelnd moralesch, finanziell a logistesch Ënnerstëtzung, psychologesch oder erzéieresch Barrièrë sinn alles Grënn, firwat Fraen sech och haut nach zeréckzéien, owbuel si de Wonsch an d'Capacitéiten hunn, fir sech aktiv um politesche Liewe vun hirem Land ze bedeelegen.

Als Fra an der Politik si bedeit, Verantwortung fir eist gemeinsaamt Schicksal z'iwwerhuelen. Firwat sollt et e Problem sinn, eng Fra an der Politik ze sinn? Et gëtt kee Grond, firwat dat esou misst sinn. Fräiheet heescht Matmaachen! – Anne Ch.

An eisem deegleche Liewe gesi mir, datt souwuel Frae wéi och Männer kënnen anerer encouragéieren, beroden, debattéieren, innovéieren, reflektéieren, Virschléi maachen, organiséieren, Diplomatie a Selbstbeherrschung asetzen. Engagement, Nolauschteren, Teamfäegkeet, strategescht Denken oder Belaaschtung aushalen, Éierlechkeet, Eloquenz, asw. si mënschlech Eegenschaften an net geschlechtsspezifesch.

Sech an der Politik z'engagéieren ass schwéier, awer essentiel, virun allem wann een ënnerrepresentéiert ass a wéineg ze soen huet. Ech hu mech fir Volt decidéiert, well dës Partei meng Wäerter verkierpert, awer och well si wierklech Paritéit an eng gedeelte Féierung praktizéiert. Hei ass d'Gläichberechtegung net just e Verspriechen, ma et ass eng Realitéit, déi een all Dag op en Neits gesäit. – Valérie C.

Es ginn ëmmer nach vill Hindernisser fir d'Bedeelegung vu Fraen an der Politik, a mir sinn eis deene Kämpf, déi nach musse gefouert ginn, bewosst. Mä un dësem 8. Mäerz 2025 wëlle mir all Mënsch gemeinsam soen: Fraen hunn hir Plaz an der Diskussioun a beim Opbau vun eiser Gesellschaft.

Ech hu mech an der Politik engagéiert, fir datt Frae vertruede sinn, sichtbar sinn a gehéiert ginn. Ech hunn dës Pseudo-Paritéit sat, bei där d'Politiker am Numm vun alle Bierger schwätzen, och am Numm vun de weibleche Bierger. Ech sinn och enger europäescher Partei bäigetrueden, fir Praktiken an der Paritéit op europäeschem Niveau oder an aneren europäesche Länner ze „duplizéieren“, wa se fir de franséische Kontext relevant sinn. – Christine P.

Mir wëllen eng staark Botschaft erausginn an zum Handelen opruffen:

Mir encouragéieren all Fra, sech an der Politik z'engagéieren, onofhängeg vun der Aart a Weis oder dem Ëmfang vun dësem Engagement, a mir encouragéieren hiert Ëmfeld, se op dësem Wee z'ënnerstëtzen a se an hirem Handelen ze stäerken!

Mir fuerderen all politesch Partei dozou op, Moossnamen z'ergräifen, fir méi Fraen anzebezéien an hinnen d'Matmaachen z'erliichteren!

Mäi politescht Engagement huet sech ganz natierlech erginn, als Ergänzung zu mengem Engagement an Associatiounen zur Zäit vun de Parlamentswalen am Juni 2024, well ech mech fir d'Verwierklechung vun deem asetze wollt, un dat ech gleewen: e federaalt Europa. Ech engagéiere mech net als Fra, mä als Individuum, dat Iwwerzeegungen, Projeten, Fäegkeeten a vill ze léieren huet, genau wéi all déi aner och. Et muss ee keng Angscht viru Schwieregkeeten um Wee hunn, et muss een sech mat Leit ëmginn, déi sech ëm ee këmmeren, déi déi selwecht Ziler fir eis Gesellschaft hunn. Ech hu bei Volt eng Plaz fonnt, déi Fraen de Raum gëtt an hinnen déi Ënnerstëtzung an déi Ressourcë bitt, déi si brauchen, fir sech an der Politik komplett z'entfalen an ze gedeien. Ech setze mech dofir an, dës Dynamik ze stäerken, well ech mengen, datt mir nëmme gemeinsam an net géintenee wierklech virukomme kënnen. – Elisa C.

Mir hunn domadder ugefaang, d'Paritéit an der Ëffentlechkeet ze stäerken: Wallëschten, Table-ronden, Medien, asw. Et ass un der Zäit, ee Schrëtt wieder ze goen, andeem s mir reell Raim fir Inklusioun, Meenungsäusserung a Projete fir Fraen (bannent Parteien, a wichtege Gremien, asw.) schafen, Primme fir Projete vun a fir Frae ubidden an déi extern Kommunikatioun verbesseren. Frae musse generell a systematesch an der Politik präsent sinn.

Ech hu mech bei Volt an der Politik engagéiert, well ech d'Gefill hat, datt mir riskéieren, Europa ze verléieren, an dat fir mech déi eenzeg politesch Organisatioun ass, déi Hoffnung bitt. Déi national Politik ass un hir Grenze komm; vun däer ass näischt Neies méi z'erwaarden. Ech hu mech net als Fra, mä als Persoun verflicht gefillt, mech fir d'Weiderbestoe vun Europa anzesetzen, an ëmsou besser, wann ech mech tatsächlech a der Fërderung vun der Gläichstellung um politesche Liewen engagéieren. – Nadine L.

Et ass héich Zäit, datt eis ëffentlech Moossname vun a fir all eis Matbierger*inne getraff ginn.

Mäi politescht Engagement war offensichtlech. D'Tatsaach, datt ech eng Fra sinn, ass mir net emol an de Kapp komm. Ech war en Deel vun der Gesellschaft, a wann ech net bedauere wollt, datt si mech net representéieren, loung et u mir, ze handelen. Well schliisslech entscheeden ech mech fir d'Demokratie an Europa. Fraen, Duechteren, Mammen, Biergerinnen a Bierger, loosst eis eis Plaz an der politescher Zukunft huelen a verteidegen. – Marianne R-K.

Mir mussen elo handelen!

Eisen Appel un dech: Wann s du dech och fir Fraerechter a fir méi Fraen an der Politik asetze wëlls, da gëff en aktive Member bei eis: