Op een europäescht Joer 2026!
D'Joer 2025 geet sou lues zu Enn a Volt Lëtzebuerg wëll alle Memberen, Ënnerstëtzer*innen a Frënn schéi Feierdeeg an e wonnerbaart Enn vum Joer wënschen!
Dëst Joer war voller Energie, Diskussiounen a Visioune fir e méi staarkt Europa. Besonnesch Highlights waren d'„Marches for Open Borders“, wou Honnerte Leit géint dat erneits Aféiere vu Grenzkontrollen an Europa demonstréiert hunn, an d'Assemblée Générale vu Volt Europa zu Frankfurt, wou iwwer 1700 Volter*innen aus ganz Europa zesummefonnt hunn, fir iwwer d'Zukunft vun eisem Kontinent ze diskutéieren. Hei hu mir nach eng Kéier gesinn, wat Volt eenzegaarteg mécht: eist wierklecht europäescht Handelen, iwwer d'Grenzen eraus, vereent duerch gemeinsam Wäerter an Ziler.
Als europäesch Beweegung kucke mir mat Houfert op 2025 zeréck: Mir hu weider dru geschafft, fir Europa méi demokratesch, nohalteg a gerecht ze maachen. Virun allem hu mir gewisen, datt eng nei politesch Generatioun bereet ass, Verantwortung fir d'Zukunft vun eisem Kontinent z’iwwerhuelen.
Wa mer e Bléck op 2026 geheien, bleiwen déi Haapt-Prioritéiten vu Volt Europa kloer:
E staarkt europäescht Transportnetz opbauen, an deem Zich, Bussen an Nuetsverbindungen d'Leit iwwer de ganze Kontinent verbannen.
Eng gemeinsam europäesch Verteidegung an Arméi schafen, fir Fridden, Sécherheet a Souveränitéit an enger verännerter Welt ze garantéieren.
Bezuelbare Wunnraum a ganz Europa schafen, sou datt een Doheem kee Privileeg, mee e grondleeënd Recht ass.
An virun allem: d'Zil vun enger vereenter europäescher Demokratie an der Form vun enger federaler Unioun, heiansdo och emol als „Vereenegt Staate vun Europa“ bezeechent.
Dës Visioun ass ons wichteg: en Europa, dat zesummen entscheet, handelt a schützt. E Europa, dat staark ass, well et vereent ass.
Zum Joresenn wëlle mir all deene Merci soen, déi sech dëst Joer engagéiert hunn, diskutéiert, organiséiert oder einfach Hoffnung geschenkt hunn. Volt Lëtzebuerg ass houfreg, Deel vun dëser europäescher Beweegung ze sinn, a mir freeën eis op en neit Joer voller Iddien, Aktiounen a Fortschrëtter! Zéckt net, e Bléck an eise Kalenner op eis zukünfteg Evenementer ze geheien. Mir freeën eis drop, Iech do ze gesinn.
Schéi Feierdeeg an e gudden Ufank fir en europäescht 2026!