Jo, d’Ofdreiwung soll an d‘Constitutioun!

An deene leschte Woche gouf souwuel an der Regierung, wéi an der Oppositioun erëm doriwwer diskutéiert, d’Ofdreiwung am Grondgesetz ze verankeren. Volt huet dës Fuerderung schonn 2025 ënnerstëtzt an huet dozou eng kloer Positioun.

21. Sept. 2025
Women holding posters which read

Eise Statement bleift dee selwechten. Am Walprogramm fir d’Chamberwalen 2023 hu mir Follgendes gesot an och gefuerdert, deem mir ëmmer nach voll a ganz zoustëmmen:

Leider sinn an ëmmer méi Länner vun der Welt konservativ Tendenzen ze beobachten, déi enorm Repercussiounen op d’Rechter vu Fraen hunn. Am Juni 2022 huet den ieweschste Geriichtshaff an den USA da revolutionäert Urteel „Roe v. Wade“ aus dem Joer 1973 gekippt.  Mat dëser Entscheedung vun de Verfassungsriichter kënne Bundesstaaten erëm Ofdreiwunge gréisstendeels bis komplett verbidden. Konservativ Bundesstaaten hunn dat och direkt ëmgesat. Och an Europa héiert een an der Lescht ëmmer erëm Leit, déi sech géint d’Fraerecht op Ofdreiwung ausschwätzen. 2003 huet Kroatien säin Ofdreiwungsgesetz geännert a zanterhier hunn Dokteren d’Recht, dësen Agrëff opgrond vun engem schlechte Gewëssen ze verweigeren. Aus deem Grond reesen och ëmmer méi kroatesch Fraen a Slowenien, fir am Nopeschland ofzedreiwen. Am November 2020 huet och Polen seng schonn deemools streng Ofdreiwungsgesetzer nach méi verschäerft: Ofdreiwunge bei Feelbildunge sinn elo illegal.

Mir bei Volt fannen dës Entwécklunge grujeleg. Fraen hu laang fir dës Rechter gekämpft, déi si lo beemol erëm sollen opginn. Net ze schwätze vun der Tatsaach, datt streng Restriktiounen zu illegale Praktike féieren, déi d’Liewen  vu Fraen, déi wëllen ofdreiwen, a grouss Gefor bréngen (souwuel aus medezinescher wéi och aus finanzieller Siicht).

D’Recht op Ofdreiwung ass e Grondrecht vun all Fra an all schwangerer Persoun. Mir wëllen net riskéieren, datt mat engem Regierungswiessel dëst Grondrecht beemol kéint verschwannen. Dowéinst fuerdere mir, datt dëst Recht op Ofdreiwung an d’Lëtzebuerger Constitutioun opgeholl gëtt (eiser Meenung no sollt et an all europäescher Verfassung stoen!). Eis Propose gesäit et vir, den Artikel 12 iwwert déi individuell Fräiheet mat follgendem Saz z’erweideren:

Kenger Persoun duerf d’Recht op eng fräiwëlleg Ofdreiwung virenthale ginn, a kenger Persoun duerf d’Recht op eng fräiwëlleg Ofdreiwung mat engem maximalen Delai vu manner wéi 12 Woche Schwangerschaft virenthale ginn. („Nul ne saurait se voir dépourvu du droit à l’interruption volontaire de grossesse et nul ne peut être privé du droit à l'interruption volontaire de grossesse avec un délai maximal d'exercice inférieur à 12 semaines de grossesse.“)