Fir Gläichberechtegung: Volt beim Equality March 2025
Den 12. Juli 2025 huet Volt Lëtzebuerg mat grousser Iwwerzeegung beim Equality March zu Esch-Uelzecht matgemaach, fir gemeinsam mat villen engagéierte Leit en Zeeche fir Vilfalt, Akzeptanz an d'Rechter vun LGBTQIA+ Persounen ze setzen. Fir eis ass et wichteg, sichtbar ze maachen, datt Gläichberechtegung a Respekt keng Saach fir ze verhandelen ass, mä de Grondpilier vun enger oppener a solidarescher Gesellschaft.

D'Fuerderunge vum Organisateur, Rosa Lëtzebuerg, bleiwen déi selwecht an decken sech mat den Idealer vu Volt. Sou ass et fir eis ënner anerem wichteg, datt de Schutz virun Diskriminéierung opgrond vu sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit a Geschlechtsmierkmoler endlech fest am Grondgesetz verankert gëtt. Volt fuerdert och déi onageschränkte Gläichstellung vun all Familljeform, besonnesch déi automatesch Unerkennung vum Lien de parenté fir queer a gläichgeschlechtlech Koppele souwéi e gläichberechtegten Zougank zum Congé parental an dem Congé de maternité.
Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt trans- an intergeschlechtlech Mënschen den Zougank zu enger selbstbestëmmter an ëmfaassender Gesondheetsversuergung duerch eng ëffentlech Krankekeess kréien. Genausou wichteg ass eis och déi rechtlech Unerkennung vun net-binäre Mënschen, fir datt dee rigide binäre Geschlechtersystem eng Kéier opgebrach gëtt an doduerch Raum fir ganz vill verschidden Identitéite geschaf ka ginn.
(photo by Laurent Blum, Luxemburger Wort)
Mir sinn eis bewosst, datt nach vill ze do bleift, och wa schonn deels Fortschrëtter erreecht gi sinn. Et feelt ëmmer nach en ëmfaassende konstitutionelle Schutz, et gëtt nach ëmmer keng flächendeckend a sensibel Gesondheetsversuergung an och keng vollstänneg Gläichstellung vun alle Familljeformen. Ausserdeem muss inklusiv Educatioun gestäerkt a queerfeindlech Gewalt konsequent bekämpft ginn, fir datt wierklech all Mënsch fräi a sécher liewe kann.
Fir eis bei Volt ass kloer: Eisen Asaz fir d'Rechter vun LGBTQIA+ Mënschen hält net op, bis mer vun enger wierklech Gläichberechtegung schwätze kënnen an d'Akzeptanz fir jiddweree selbstverständlech ginn ass. Mir bleiwen drun – fir eng Gesellschaft, an där d'Vilfalt gefeiert gëtt an d'Diskriminéierung keng Plaz huet.