Volt Lëtzebuerg verléisst X/Twitter
Twitter war mol eng Kéier wéi eng Duerfplaz, en Treffpunkt fir Iddien an Erkenntnisser auszetauschen. Mä an deene leschte Joren ass eis Duerfplaz zu enger toxescher Plaz ginn: D’Algorithme vun X bidden der Desinformatioun, extremistesche Gedanken a Menace eng Bün. Et ass net méi agreabel do.

Den Elon Musk huet X fir d’éischt dofir mëssbraucht, den Donald Trump un de Pouvoir ze bréngen, an hien ass elo souguer Deel vu senger Regierung ginn. Den Trump, deen deemools wéinst Fake News op Twitter gespaart gouf, duerf zanterhier erëm mat all deenen anere Populisten op X Desinformatioun an Haass verbreeden. An deene leschte Méint hu mer gesinn, wat dem Musk seng Visioun fir ee soss emol onofhängegen Twitter ass: D’Plattform gëtt als Waff agesat, fir europäesch Länner ze schwächen. Extreem Stëmmen, déi dem Musk an dem Trump gut gefalen, gi vun X verstäerkt, kritesch Stëmmen ginn ënnerdréckt an der Desinformatioun gëtt fräi Laf gelooss. Dëst ënnergrueft eis Demokratie a gëtt dem Musk an dem Trump eng Muecht, déi keen op dëser Welt sollt hunn.
Obwuel X och fir Volt eng wichteg Bün ass, ass dës Bün antëscht esou wäit vun eise Wäerter ewech geréckelt, datt mir hei eng Grenz zéien. Et duerf een ni vergiessen, datt sozial Netzwierker a privater Hand keng ëffentlech Plaze sinn an d’Spillreegelen och net vun eis, ma vun de Besëtzer festgeluecht ginn. Déi nei Algorithme vum Musk ënnerdrécken déi fräi Meenungsäusserung an Tweets, déi sech ausserhalb vom rietspopulistesche Spektrum befannen, ginn ënner – do kann ee sou haart jäize, wéi ee wëll.
Dowéinst treffe mir elo d’Entscheedung, eis net méi un dës Reegelen wëllen ze halen. Mir treffen elo d’Entscheedung, X hannert eis ze loossen, an der Hoffnung, datt aner Politiker*innen eis doranner nokommen. Dëst ass eng opreegend Etapp fir eis. X huet eis eng Reechwäit ginn, déi Plattforme wéi Bluesky oder Mastodon net direkt bidden. Mä Volt steet wéi keng aner Partei fir de Progrès. Gemeinsam kämpfe mir fir eng Welt, an där sozial Medie verbannen an net splécken; an där Extremismus reduzéiert an net verstäerkt gëtt. An där Tech-Entreprisë besser reguléiert ginn. Eng Welt, an där mir eis eegen, vu Wäerter geleeten, europäesch sozial Medie schafen.
Den Haag kann net méi nokucken, wéi en amerikaneschen Tech-Milliardär eis spléckt, schwächt an eis Demokratie ënnergrueft. Jiddereen*t mat engem X-Konto, och Net-Politiker*innen, huet d’Méiglechkeet, d’Virherrschaft vun X ze briechen. Och dir alleguerten konnt mat ärem eegenen #eXit eppes bewierken an den Alternativen eng Chance ginn.
Also, denkt drun: Ab haut si mir just nach ausserhalb vun X ze fannen. Mir „zwitscheren“ schonn op Bluesky an am europäeschen Open-Source-Projet, dem Fediverse, op Mastodon. Mir hoffen, iech do erëmzegesinn.