Jo zu oppene Grenzen : Happy Birthday Schengen!
Dëse Weekend gouf an der klenger, historescher Lëtzebuerger Gemeng de 40. Joresdag vum Schengener Ofkommes gefeiert. De 14. Juni 1985 gouf dëst Ofkommes op der „Princesse Marie-Astrid“ vu Vertrieder vun de fënnef EG-Memberlänner Frankräich, Däitschland, der Belsch, Holland a Lëtzebuerg ënnerschriwwen. An dësem Schengen-Raum sinn haut insgesamt 29 Länner.

Dat Wichtegst vun dësem Schengener Ofkommes ass d’Ofschafe vu stationäre Grenzkontrollen tëscht dëse Länner. D’Ofkommes gëllt als ee vun deene gréissten Errongenschaften vun der Geschicht vun der EU an huet d’europäesch Integratioun weesentlech virugedriwwen.
Fir de 40. Gebuertsdag vum Schengener Ofkommes ze feieren ware mir vu Volt Europa och op der Plaz, fir un d’Bedeitung vun dësem Ofkommes fir ee vereentent Europa z’erënneren. Dobäi konnte mer eis op deem frësch renovéierte Schëff déi original Dokumenter ukucken an och de Schengener Musée besichen.
Leider huet een trotz de Feierlechkeeten awer och ëmmer un déi Grenzkontrolle missen denken, déi entre-temps erëm net nëmme vun Däitschland, mä vu mëttlerweil eelef Länner vum Schengen-Raum gemaach ginn. Dës Symbolpolitik ass net nëmmen eng Zoumuddung fir all Frontalier*iere a schränkt eis Fräiheet fir ze Reesen oder ze Handelen an, mä se ass och geféierlech fir eis europäesch Wäerter. Volt verurteelt dës Grenzkontrollen dowéinst ferm. (Eise Statement zu de Grenzkontrollen)
Datt mer bannent Europa zesummen halen, ass hautzedaags nach méi wichteg wéi soss, well et eis hëlleft, eis géint global Onsécherheeten ze wieren a gläichzäiteg eis Zukunft ze gestalten: Ob Klimawandel, Migratioun, Pandemien oder geopolitesch Spannungen – keen EU-Land kann dës Erausfuerderungen aleng packen. Nëmme gemeinsam kann Europa seng Stäerkt op der Weltbün weisen a bei engem onsécheren transatlantesche Verhältnis gëtt och déi europäesch Sécherheets- a Verdeedegungspolitik en Europa ëmmer méi wichteg. Handelskonflikter mat China oder den USA, Liwwerketteproblemer an eng technologesch Ofhängegkeet weisen: Europa muss wirtschaftlech méi souverän ginn.
Wann de Geescht vu Schengen eis Staaten an eis Häerzer verléisst, da wäerte mer vill méi verléieren ewéi nëmmen de Schengen-Raum
(Jean-Claude Juncker, fréiere Präsident vun der Europäescher Kommissioun)