Statement zu den däitsche Grenzkontrollen

Däitschland huet alt nees Grenzkontrollen ugekënnegt, dës Kéier ouni grouss Virwarnung, ouni datt eppes Extraes geschitt wier, fir dëst ze rechtfertegen. Volt gesäit dat als héchst problematesch un a verurteelt et als en Ënnergruewe vum Schengener Ofkommes.

11. Sept. 2024
German police officer carrying two traffic cones onto a street

Den 9. September 2024 huet déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser ugekënnegt, datt ab e Méindeg rëm Kontrollen un allen däitsche Landesgrenzen duerchgeféiert ginn. Als Grënn, fir dëst ze rechtfertegen, goufen d’Begrenzung vun der irregulärer Migratioun genannt, an awer och de Schutz vun der bannenzeger Sécherheet virun den aktuelle Bedrohungen duerch den islamisteschen Terrorismus a viru grenziwwerschreidender Kriminalitéit. Sou Kontrolle gouf et schonns virun e puer Méint wärend der Fussball-Europameeschterschaft vun de Männer, an do virdrun an der Zäit vun der Covid-Pandemie.

Volt verurteelt dës Kontrolle schaarf. Op der enger Säit verletzen dës Kontrollen d’Schengener Ofkommes, dat déi stationär Grenzkontrollen un de Grenze vun de Schengener-Länner ofgeschaaft hunn. Dës Grenzkontrollen si komplett willkürlech an anti-europäesch. Däitschland huet just Grenze mat Länner am Schengener-Raum an, ofgesi vun der Schwäiz, sinn dat och just EU-Staaten. Et gëtt kee valabele Grond, datt d’Beweegungsfräiheet vun de Bierger*innen, déi sech am Schengener-Raum beweegen, därmoosse misst ageschränkt ginn. Déi Problemer, déi et gëtt, sinn am Land selwer léisbar an eng Gefor, déi iwwer aner europäesch Länner géif kommen, ass de facto net do – et ass e Mythe vu populistescher Xenophobie, warscheinlech eng Kuerzschlussreaktioun vun enger eigentlech sozial-demokratescher Regierung, ausgeléist duerch de Succès vun der rietsextremer AfD. Ofgesinn dovunner ass nach net emol kloer, wat genau da bei dëse Grenzkontrolle kontrolléiert soll ginn. Net zulescht kascht et den däitsche Staat enorm vill Suen, déi ee besser kéint investéieren an et kascht Beamten, déi op enger anerer Plaz feelen, well se bei den Autobunne stinn a willkürlech ordonéiert Kontrollen ouni Zil an Zweck mussen duerchféieren.

Dëst isoléiert Virgoe vun Däitschland weist alt nees zwou Saachen: Éischtens, datt mir bannent Europa weder viru Faschismus, Rassismus, nach vru willkürlecher Diskriminéierung sécher sinn, an zweetens, datt d’EU an d’Schengener Ofkommes net staark genuch sinn a mir e fëderaalt Europa brauchen, an deem Länner sou willkürlech Aktiounen, déi d’Fräiheet aschränken a géint d’Mënscherechter verstoussen, net einfach esou ëmsetze kënnen.

Volt ass sech bewosst, datt Europa keng gutt Migratiounspolitik huet a vill Mëssstänn dorops zréckzeféiere sinn. Eis ass och bewosst, datt duerch eng schlecht Bürokratie, de Fakt, datt Flüchtlingen net op all d’Länner verdeelt ginn an duerch Politiker, déi dacks einfach nëmmen nokucken an net reagéieren, et zu negative Gefiller ka kommen. Leit fillen sech iwwerfuerdert, oder einfach friem am eegene Land fillen. Ma dogéint huet Volt awer scho fir d’Europawalen a sengem Walprogramm extensiv Propose gemaach, wéi eng besser Flüchtlings- a Migratiounspolitik géif ausgesinn. (Moonshot-Programm, Menschenwürdige Migration, S. 59-82)

Nëmmen zesumme kënne mir d’Problemer vum 21. Joerhonnert léisen, nëmmen zesumme si mir staark. Dowéinst verurteele mir déi willkürlech Grenzkontrolle vun Däitschland zudéifst.