
March for Open Borders 🇪🇺
March for Open Borders – Gemeinsam fir ee vereentent Europa!
Den 19. Juli setzt Volt e staarkt Zeeche fir Fräiheet an Zesummenhalt: Beim March for Open Borders gi mir un de Grenzen op d'Strooss a protestéiere géint Grenzkontrollen. Et sinn Eventer zu Flensburg (🇩🇪 Däitschland), Bad Nieuweschans (🇳🇱 Holland), Frankfurt (Oder) (🇩🇪 Däitschland), Enschede (🇳🇱 Holland), Schmilka (🇩🇪 Däitschland), Aachen (🇩🇪 Däitschland), Schengen (🇱🇺 Lëtzebuerg), Basel (🇨🇭 Schwäiz) an zu Salzburg (🇦🇹 Éisträich) geplangt.
Den Event ass eng koordinéiert Aktioun vu verschiddene Volt-Kapitel, ënner anerem vu Volt Holland, Volt Däitschland, Volt Lëtzebuerg, Volt Frankräich a Volt Éisträich. Fir Lëtzebuerg ass e spezielle Marsch duerch den Dräilännereck ronderëm Schenge geplangt.
Mir protestéiere géint déi Grenzkontrollen, déi rëm a villen europäesche Länner agefouert goufen, a mir fuerderen en Europa ouni Barrièren. Oppe Grenze sinn d'Häerzstéck vun engem vereenten, friddlechen a solidareschen Europa. Si erméiglechen Austausch, Frëndschaft an Zesummenaarbecht – an dat iwwer all national Linnen ewech.
Sief mat dobäi a setzt dech a fir:
Fräiheet a Beweegungsfräiheet an Europa
En Enn vun de Grenzkontrollen
E staarkt, vereentent Europa fir jiddereen
Maach mat an ënnerstëtz eis Visioun vun engem Europa, dat verbënnt, amplaz trennt!