Right to Housing! - Documentaire an Diskussioun
23. Sept. 2026
18:30 Auer - 20:30 Auer
Updown Bar (an der Stad, am Gronn)
Dëse September wäerte Gemeinschafte aus ganz Europa zesummekommen, fir déi Europäesch Biergerinitiativ (ECI) "Recht op Wunnraum! Elo a fir ëmmer" (Right to Housing! Now and Forever) ze lancéieren.
Volt Lëtzebuerg organiséiert d'Virféierung vum offiziellen Documentaire, a lued iech duerno op eng oppen Diskussioun an. Moderéiert vum Lucia Bastarolo vu Volt Italien.
Eng Umeldung ass obligatoresch!
Fëllt wgl. eise Umeldungsformulaire aus, fir un dësem Evenement deelzehuelen.
