Volters marching on the bridge from Schengen to Perl

Schenge-Marsch fir oppe Grenzen

2. Nov. 2024 13:00 Auer - 15:30 Auer
Apach (FR), Pärel (DE), Schengen (LU)

D'Aféierung vu Grenzkontrollen duerch Däitschland a Frankräich ass en Ugrëff op en zentrale Bestanddeel vun der europäescher Eenegkeet. Volt gesäit dodranner e grousse Réckschrëtt. D'Beweegung organiséiert dofir e Marsch fir oppe Grenzen: Den 2. November, vun 13 Auer un, vun Apach iwwer Pärel bis op Schengen.

D’oppe Grenze vun Europa goufen 1985 am Schenge-Raum agefouert. Frankräich, Westdäitschland an d'Belsch, Holland a Lëtzebuerg waren déi éischt, déi de Schengener Accord ënnerschriwwen hunn, deen de fräie Verkéier vu Wueren a Persoune bannent Europa reegelt. Bis haut sinn et 29 europäesch Länner, déi dëse Schrëtt gemaach hunn. Millioune vun Europäer*innen notzen notzen zanter hir all Joers dës Beweegungsfräiheet, déi doduerch besonnesch eis Grenzregioune stäerkt, déi säitdeem ëmmer méi vernetzt sinn. Dës Fräiheet wëll Volt behalen an organiséiert dofir den 2. November ronderëm Schengen e Marsch fir oppe Grenzen duerch Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich. Alleguerten déi, déi sech fir oppe Grenzen asetze wëll, sinn häerzlech dozou invitéiert, sech eis unzeschléissen.

  1. Treffpunkt: Apach Multi Accuiel, Chemin des Acacias, 57480 Apach, Frankreich um 13:00 Uhr (MEZ).

  2. Um 13:30 Uhr beginnen wir mit kurzen Reden auf Französisch und Englisch, dann beginnt der Marsch. Wir gehen die Rue nationale/Rte de Trèves (D654) in nördlicher Richtung entlang zur deutschen Grenze.

  3. Nach dem Grenzübertritt nach Perl in Deutschland setzen wir unseren Marsch auf der Am Dreiländereck (B419) fort und biegen am Kreisverkehr links auf die Bundesstraße 407 ab, die über die Moselbrücke führt. Unterwegs werden wir gegen 14 Uhr Reden auf Deutsch und Englisch halten.

  4. Am Denkmal für das „Schengener Abkommen“, 5444 Schengen, Luxemburg, werden gegen 15:00 Uhr die Abschlussreden auf Luxemburgisch und Englisch gehalten und der Marsch löst sich auf.

Geplangten Oflaf:

  1. Versammlung beim Apach Multi Accueil, 12 Rue nationale, 57480 Apach, Frankräich, um 13:00 Auer (MEZ).

  2. Um 13:30 Auer fänke mir mat kuerze Rieden op Franséisch an Englesch un, de Marsch geet lass, mir ginn iwwert d’Rue nationale/Rte de Trèves (D654) Richtung Norden a Richtung däitscher Grenz.

  3. Nodeems mer iwwert d'Grenz zu Pärel an Däitschland gaange sinn, geet eise Marsch weider der Strooss Am Dreiländereck (B419) no, déi am Rondpoint no lénks op d’Bundesstraße 407 féiert a queesch iwwert d’Musel iwwert d’Bréck geet. Ënnerwee wäerte mer géint 14 Auer Rieden op Däitsch an Englesch halen.

  4. Beim Denkmal fir „d’Schengener Ofkommes“, 5444 Schengen, Lëtzebuerg, wäerte géint 15:00 Auer d’Ofschlossrieden op Lëtzebuergesch an Englesch gehale ginn an de Marsch léisst sech op.

Nach méi geplangten Veranstaltungen

All Events