Show Up for Europe 🇪🇺

1. Jun. 2024 13:00 Auer - 18:00 Auer
Esch-sur-Alzette

🇱🇺 Dat Lëtzebuerger 🇱🇺 Team trëfft sech zu Esch Uelzecht! Mir bidden iech en Infostand an eisem klenge Pavillon no bei der Gemeng vun Esch a mir wäerte Flyere verdeelen. Kommt laanscht, informéiert iech a weist ären europäesche Spirit!

Iwwerall um Kontinent wäerte Volt-Teams op d'Stroosse goen, fir géint Nationalismus a fir eng vereenten EU ze demonstréieren!

Volt gouf gegrënnt, well mir an enger Welt liewen, an där keng national Regierung déi Erausfuerderunge léise kann, déi iwwert d'Grenzen eraus ginn. Volt geet mat guddem Beispill vir: Mir triede bei dësen Europawalen un, fir Best Practices uechter ganz Europa mateneen ze deelen an eng wierklech europäesch Demokratie ze fërderen.

Den 1. Juni wäerte Volter vu Portugal bis op Zypern Veranstaltungen a lokal Aktiounen organiséieren, fir d'Bedeitung vun den Europawalen an der europäescher Zesummenaarbecht ze weisen, notamment an Zäite vun der Polariséierung an de Krisen an eiser Gesellschaft. Vill vun eiser Team wäerten iwwer Internet-Streams matenee verbonne sinn, sou datt d'Participante vun deenen Eventer gläichzäiteg en Abléck an Aktiounen op enger anerer Plaz an Europa kréien!

Nach méi geplangten Veranstaltungen

All Events