D'Conny Jaroni beim Radio 100,7 iwwer kleng Parteien an den Europawalen

Déi kleng Ronn dréit sech em d'Fro: Wouhier hëllt een déi Motivatioun, Walkampf ze maachen, wann ee weess, datt et schwéier ass, e Sëtz ze kréien?

27. Mee 2024

Am Gespréich hunn nieft dem Conny Jaroni fir Volt och den Ali Ruckert fir d'KPL an de Patrick Lamesch fir déi Konservativ deel geholl. D'Conny huet ënnert anerem betount:

Jidderee vun eis ka säi klengen Deel dozou bäidroen, wéi sech Europa entwéckelt. Ech mengen, mir mussen eis elo decidéieren, a wat fir eng Richtung Europa sech soll entwéckelen. Wëlle mer nokucken, wéi sech dat Ganzt no riets verréckelt oder kämpfe mer géint Nationalismus, géint Rietspopulismus a fir ee vereentent Europa? A fir mech perséinlech steet Volt wéi keng aner Partei dofir, géint Nationalismus a fir ee vereent Europa - mat allem, wat dozou gehéiert. Mir sinn DÉI Europapartei, och wann elo fir d'Europawalen aner Parteien sech och esou nennen. Mä ech denken, mir denken dee Gedanken am konsequentste weider.

Kuckt iech elo den Interview vun 100,7 a voller Längt un!