De Samuel Moïse an engem Debat iwwert dWirtschaftspolitik vun der EU

Eise Kandidat fir d'Europawalen 2024, de Sam, war beim Radio 100,7 invitéiert, fir iwwert wirtschaftlech Themen ze diskutéieren.

20. Mee 2024

D’europäesch Wirtschaft leit ënner héijen Zënsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. Wéi soll d’EU domatt ëmgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table Ronde virun den Europawalen.

An dësem groussen Débat dräi Wochen virun den Europawalen, kommen alleguer déi 13 Parteien zu Wuert, déi Kandidaten an d’Course schécken. Wéinst der grousser Unzuel u Parteien huet d’Medienautoritéit ALIA décidéiert den Débat an zwee ze splécken. Am éischten Deel vum Débat si Fokus, d’DP, Volt, Zesummen-d’Bréck, d’Oppositiounsbeweegung Mir d’Vollek, Déi Konservativ an d’CSV vertrueden.

🠆 De ganzen Debat um Site vum 100,7 kucken.