De Samuel Moïse bei RTL an engem Debat mat jonke Kandidat*innen

An der Emissioun „Background“ vun RTL Radio war ënner anerem de Samuel Moïse mat dobäi, fir iwwert déi aktuell Positioun vu Volt an den Europawalen ze schwätzen.

1. Jun. 2024
4 young candidates, Samuel Moïse is the first one from the right

Huet Europa eng aussepolitesch Stëmm, a wéi misst déi kléngen? Huet d'Europäesch Unioun eng Chance, an der Course géint de Klimawandel? A wéi eng Perspektive ginn et an der Aarbechtswelt? Eng Woch virun den Europawale huet RTL Radio mat 4 jonke Kandidat*innen iwwert d'EU vu muer geschwat. Invitéiert waren:

  • D'Lucy Agostini vun de Piraten,

  • Den Alija Suljic vun déi Lénk,

  • D'Anne Lecuit vu Fokus,

  • De Samuel Moïse vu Volt.

Kuckt iech de ganzen Interview elo op RTL un!

People sitting in the RTL studio around tables and monitors.