D'Visitt vum Poopst zu Lëtzebuerg

Volt Lëtzebuerg begréisst et, datt de Poopst François deemnächst op Lëtzebuerg kënnt a betount dobäi wéi wichteg d’Glawens- a Reliounsfräiheet ass. Gläichzäiteg wëlle mir awer och d’Geleeënheet notzen, fir op wichteg gesellschaftlech Froen an Erausfuerderungen opmierksam ze maachen, déi duerch dëse Besuch opgeworf ginn.

24. Sept. 2024
The cathedral of Luxembourg in the sunset, the momunemtn of the Golden Lady just in front of the shot

Mir deelen d’Fuerderung vun der AHA (der Allianz fir Humanismus an Atheismus), datt e laizistesche Staat bei sou enger Visitt immens muss oppassen a komplett transparent d’Leit muss doriwwer informéieren, wéi vill Suen dofir opbruecht goufen, fir e reliéise Leader z’empfänken. Et ass enorm wichteg, datt d’Ëffentlechkeet genee Bescheed weess, wéi a fir wat Staatsgelder benotzt goufen, fir sécherzestellen, datt et net zu onverhältnesméissegen Ausgabe kënnt.

Donieft fuerdere mir eng kritesch Ausernanersetzung mat de Problemer vun der Kierch. Et ass immens wichteg, datt d’Fuerderungen vun Organisatiounen wéi dem CID Fraen a Gender an de chrëschtleche Feministinne seriö a kritesch diskutéiert ginn. Dës Fuerderunge sinn ënner anerem:

  1. D’Gläichberechtegung vun de Geschlechter bannent der Kierch: Frae sollen déi selwecht Rechter a Méiglechkeete wéi Männer hunn, inklusiv der Méiglechkeet vu weibleche Paschtéier. Déi ëmmer nach präsent Diskriminéierung vu Fraen a kierchlechen Ämter ass net méi zäitgeméiss a muss dringend reforméiert ginn.

  2. D’Opschaffe vun de Mëssbrauchsfäll: D’Kierch muss transparent a konsequent mat Fäll vu sexuellem Mëssbrauch ëmgoen an d’Affer ënnerstëtzen. Et duerf net méi zu engem Vertuschen oder engem Verzögerunge bei der Opklärung vun dëse Verbrieche kommen.

  3. D’Moderniséierung vun der kierchlecher Léier: D’Kierch sollt hir Léier an hir Praktiken un d’gesellschaftlech Realitéite vun haut upassen, notamment am Bezuch op LGBTQ±Rechter an d’Roll vun der Fra. Déi enk an dacks réckstänneg Positiounen an der Kierch stinn am Widdersproch mat de Wäerter vun enger moderner an inklusiver Gesellschaft.

Volt Lëtzebuerg hält un der Glawens- a Reliounsfräiheet fest, mir wëllen awer betounen, datt et noutwenneg ass, reliéis Praktiken an Normen ze hannerfroen an ze diskutéieren, fir datt mer eng gerecht a modern Gesellschaft kënne fërderen. Mir fuerderen dowéinst eng oppen a kritesch Debatt iwwert d’Roll vun der Kierch an hire Praktiken an der haiteger Zäit.