Luxembourg Pride 2023

Och dëst Joer ass Volt erëm houfreg beim Equality March matgaangen. Mir sëtzen eis weiderhin fir méi Rechter an der LGBTQ-Community an!

8. Jul. 2023
Philippe Schannes holding a Volt flag, Daniel Silva holding a EU/Pride flag and Aurélie Dap holding a poster with

Och am Joer 2023 gouf erëm e Street Fest an en Equality March vu Rosa Lëtzebuerg organiséiert. Mir, Volt Lëtzebuerg, hunn aktiv beim Luxembourg Pride 2023 matgemaach an si beim Equality March zu Esch-Uelzecht matgaangen, fir eis Ënnerstëtzung fir d’LGBTQ+ Communautéit an hier Uleies ze weisen. Déi Evenets, déi dëse Weekend gelaf sinn, hunn eng jett Leit aus dem ganze Land ugezunn.

Gemeinsam mat eisen Ënnerstëtzter a Parteikolleegen si mir beim Luxembourg Pride 2023 duerch d’Stroosse marschéiert. Mir hunn eisen EU-Reeboufändel geschwongen a Schëlder mat Solidaritéits- an Akzeptanz-Message gedroen. Dësen Event huet eis d’Méiglechkeet ginn, politesch Diskussiounen ze féieren an Iddien auszetauschen, fir d’Rechter vun der LGBTQ+ Communautéit weider virunzedreiwen. Datt dat och néideg ass, hunn och e puer negativ Ausernanersetzunge mat Leit gewisen, déi eis um Réckwee deels domm ugemaach hunn, an dat nëmme, well mir e Reeboufändel dobäi haten. Och wa Lëtzebuerg deels immens fortschrëttlech ass, weist dat eis, datt bei wäitem net jiddereen déi selwecht Mënscherechter ënnerstëtzt wéi mir. Ëmsou méi musse mer eis géint Diskriminéierung a fir méi Rechter fir all Mënsch asetzen!

Eis Participatioun um Luxembourg Pride 2023 an dem Equality March affirméiert dowéinst eisen Engagement fir Gläichberechtegung an de Schutz vun de Rechter vun der LGBTQ+ Communautéit zu Lëtzebuerg. Als progressiv Partei sëtze mir eis fir eng inklusiv Gesellschaft an, an där all Persoun, onofhängeg vun hirer sexueller Orientéierung, hierem Geschlecht oder hirer Identitéit, respektéiert a geschützt gëtt. An eisem Walprogramm fuerdere mir ënner anerem:

  • Mir fuerderen, datt sexuell Orientéierung, Geschlecht an Gender bei Bluttransfusioune keng Roll méi duerf spillen.

  • Mir fuerderen e Verbuet vun der Konversiounstherapie zu Lëtzebuerg an an der EU!

  • Mir fuerderen, datt et verbuede gëtt, datt intersexuelle Puppelcher ouni medezinesch Noutwennegkeet un hire Genitalien operéiert ginn.

  • Mir fuerderen, datt d’Angab “Aner” als Geschlecht op allen offiziellen Dokumenter méiglech gëtt.

  • Mir fuerderen eng neutral Formuléierung am Gesetz: „Gebärende Person“ (fr.: „personne accouchante“, engl.: „birthing person“).

  • Mir fuerderen, datt d’Elternschaft („parantalité“) en anere Status erhält an datt schonns virun der Gebuert ka festgeluecht ginn, wien sech als Elterendeel bezeechnen dierf.