Merci fir är Stëmmen!

D'Europawale sinn eriwwer. Volt konnt zwee Sëtz an Holland a ganzer dräi Sëtz an Däitschland sécheren. Och zu Lëtzebuerg ware mir bei de Wale mat dobäi an hunn insgesamt 1,04 % vun de Stëmme krut.

10. Jun. 2024
Candidates and members of Volt holding a Volt flag inside of the European Parliament in Luxembourg

Volt Lëtzebuerg seet op dëser Plaz alleguerte senge Wieler*inne Merci, déi eis mat hirer Stëmm och hirt Vertraue geschenkt hunn. Eis haart Aarbeacht als Kandidat*innen am Benevol huet sech bezuelt gemaach, well mir no der Corona-Pandemie praktesch bei 0 ugefaang hunn. Kee vun eise Kandidat*innen huet bis ewell e politescht Amt gehat an op dem Lëtzebuerger Niveau vum nationale Parlameent si mer och net immens bekannt.

Results of the votes for Volt Luxembourg.Mä grad wéinst all deene Leit, déi eis ënnerstëtzt hunn, konnte mir eis Iddi vir ee vereentent Europa, eise gemeinsame pan-europäesche Projet, nach vill méi bekannt maachen, wéi dat bis ewell de Fall war.

Dofir brauche mer elo ëmsou méi är Ënnerstëtzung, fir datt mer no der europäescher Victoire vun ëmmer méi rietsextreme Parteien erëm un eisen Dram vun engem vereenten Europa gleewe kënnen. Dowéinst: Gëff elo Member oder spent e puer Suen (oder déi zwee gläichzäiteg! 😉), fir datt mir weiderhi géint Rietspopulismus kämpfe kënnen.