🏳️‍🌈 Pride Month 2024: Eis Fuerderungen géint Diskriminéierung

Et ass Juni an et ass Pride-Month. Wärend mer engersäits feieren, si mer eis anerersäits bewosst, datt d'Rechter vun der LGBTQIA+ Community an Europa an ausserhalb nach ëmmer net op deem Niveau sinn, wéi mir dat gären hätten. Dowéinst hei eis Fuerderungen, déi mir am EU-Parlament ëmsetze wëllen.

2. Jun. 2024

Mir wëllen Inklusivitéit fërderen an Diskriminéierung bekämpfen:

  1. Gläichberechtegten Zougang zu Aarbechtsméiglechkeeten ouni Diskriminatioun garantéieren, wärend Entreprisë sanktionéiert ginn, déi sech net un inklusiv Praktike beim Astellen halen.

  2. En EU-Anti-Diskriminéierungsgesetz aféieren, dat deen aktuelle Schutz op aner Beräicher wéi Sozialversécherung, Educatioun an d'Bereetstelle vu Wueren a Servicer, dorënner Wunnengen, erweidert.

  3. Drop bestoen, datt d'Istanbul-Konventioun vun deene Memberstaaten, déi se nach net ratifizéiert hunn, ugeholl gëtt, an hir voll Ëmsetzung vun der EU an all de Memberstaate garantéieren.

  4. Sanktioune verstäerke géint Haassverbriechen, dorënner Haass-Ried an digital Gewalt, andeems d'Definitioune vun esou Verbriechen ausgebaut ginn.

  5. Gratis Zougang zu Hygiènesartikelen (Binden, Tamponen a Kondomer, etc.) fir jidderee garantéieren.

  6. De Verbuet vu Konversiounstherapië fuerderen a sech asetze géint d'Pathologiséierung vun Trans* Identitéiten, fir d'gesetzlech Unerkennung vum Geschlecht vun Trans* Leit iwwert eng einfach administrativer Prozedur a eng Gesondheetsversuergung fir LGBTQIA+ Persoune schafen, déi hiert Geschlecht berücksichtegt.

  7. Garantéieren datt d'Grondrechter vu Leit aus der LGBTQIA+ Gemeinschaft an déi entspriechend Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (CEDH/ECtHR) an der Praxis an der och EU respektéiert ginn (zB d'Unerkennung vu gläichgeschlechtleche Partnerschaften a Bestietnesser, d'juristesch Unerkennung vum Geschlecht vun Trans* Leit an d'Meenungsfräiheet). Et muss dofir gesuergt sinn, datt d'Elteren an de Reeboufamilljen an der EU als solch unerkannt ginn (z.B. wann se an en anere Memberstaat plënneren).

  8. EU-Finanzéierungsprogrammer schafen, déi direkt vun der Zivilgesellschaft a vu sozialen oder politeschen Organisatioune benotzt kënne ginn. Dës solle konstruktiv Dialoginitiativen iwwer LGBTQIA+ Rechter fërderen.

Dës Fuerderunge sinn aus eisem Walprogramm fir d'Europawalen 2024.

Mir wäerten eis ëmmer fir déi selwecht Rechter fir jiddereen asetzen!