Volt mécht bei den Walen 2023 mat

Volt Lëtzebuerg huet haut suwuel am Süde ewéi och am Oste seng Kandidatur fir d'Chamberwalen 2023 eragereecht.

9. Aug. 2023

Volt Lëtzebuerg huet haut suwuel am Süde ewéi och am Oste seng Kandidatur fir d'Chamberwalen 2023 eragereecht. Am Süden triede mer mat enger voller Lëscht an 23 Kandidat*innen un, am Oste si mer zu dräi (vu siwe méigleche Sëtz).

Eis Lëscht huet keng Spëtzekandidat*innen. Mir kennen d’politesch Realitéit zu Lëtzebuerg, sinn awer dovunner iwwerzeegt, datt Politik op Iddien a politesche Programmer sollt berouen, an net op populäre Gesiichter.

Als Partei, déi sech fir Inklusioun a sozial Gerechtegkeet asetzt, erkenne mir d’Noutwendegkeet un, d’Ongläichgewiicht tëscht de Geschlechter op eiser Lëscht unzegoen. Och wa mir nach net deen Ausglach an d’Vilfalt erreecht hunn, déi mir ustriewen, wëlle mir awer an där Hisiicht transparent sinn a sécher goen, datt dëst ganz uewen op eiser Agenda steet.

Mir hunn eis decidéiert, all eis weiblech Kandidaten op eiser Lëscht un den Ufank ze stellen.

Och wann dat als reng Symbolpolitik fir Frae ka gesi ginn, si mir der Meenung, datt symbolesch Handlungen awer noutwendeg sinn, fir de Status quo a Fro ze stellen. Mir fannen et wichteg, de Stëmme vu Fraen oder Randgruppe bei der Gestaltung vun der Zukunft vun eisem Land Gehéier ze verschafen, a mir wäerten eis Memberbasis ënnert der Berücksichtegung vun deene Krittäre weider ausbauen.