Volt steet op der Lëscht 2 fir d'Europwal 2024
Den Zoufall huet decidéiert an eis gouf d'Lëschteplaz 2 zougewisen. Wielt eis Lëscht den 9. Juni!
![Candidates posing beside a ballot paper](/img/containers/assets/list2-1712941507.jpg/62bdcf3bca937fba26b393ad0be1b5a1.jpg)
Op engem onscheinbaren Dag, den 11. Abrëll, bei guddem Wieder um 14:30 Auer, goufen an der Cours de Justice an der Stad d'Lëschteplazen ausgeloust. Mir ware mat dobäi a freeën eis iwwert d'Lëschteplaz 2. Déi 13 Parteien, déi den 9. Juni gewielt kënne ginn, si follgendermoossen opgedeelt:
Oppositiounsbeweegung Mir d'Vollek
Volt Luxembourg
LSAP
FOKUS
KPL – d'Kommunisten
déi Konservativ – d'Fräiheetspartei
Déi Lénk
DP – DEMOKRATESCH PARTEI
ADR
Zesummen – d'Bréck
CSV
déi gréng
PIRATEN