Aurélie Dap
“Mir wëllen e gemeinsamt Europa, e staarkt Europa. Komm, mir bauen d'Europa vu muar!”
Iwwert d'Aurélie
🇪🇺 🇱🇺 🇫🇷
🇪🇺 🇱🇺 🇫🇷
1992 gebuer
Comtabel
Schwätzt Franséisch an Englesch.
D'Aurélie ass tëscht Frankräich a Lëtzebuerg grouss ginn. Hatt huet a Frankräich studéiert a seng Summervakanz zu Lëtzebuerg verbruecht, wou hatt senger Famill um Bauerenhaff gehollef huet. Wärend senger berufflecher Carrière huet hatt ugefaang fir eng IT-Entreprise zu Lëtzebuerg ze schaffen; deen Ament huet hatt dann och déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. D'Aurélie ass gepacst a wunnt an der Stad.
A senger Fräizäit verbréngt d'Aurélie am léifsten Zäit mat senger Famill a senge Frënn, reest ëm d'Welt, spillt Videospiller a kuckt vill Documentairen.
Du wëlls eis kenne léieren?
Du kanns eis kenne léieren, andeems de eis kontaktéiers an zu engem vun eisen Evenementer kënns. Eis Meet'n Greets si perfekt, fir sech perséinlech an engem gemittleche Kader ze begéinen. Komm spontan laanscht oder mell dech virdrun un - sou wéi et der passt.