Eis Meenung zur SOTEU 2023

Mir goufe vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg invitéiert, d’Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun live ze kucken.

13. Sept. 2023
Philippe Schannes holding a microphone and speaking at the representation of th European Commission in Luxembourg

Fir Volt Lëtzebuerg an zugläich Volt Europa gouf de Philippe Schannes, Vize-President vu Volt Lëtzebuerg a Kandidat fir d’Chamberwalen 2023, vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun agelueden, fir un hirem SOTEU-Event deelzehuelen. D’Ried zur “State of the European Union” ass eng Ried vum*vun der President*in vun der Europäescher Kommissioun virum Plenum vum Europäesche Parlament a vu grousser Bedeitung, well si souwuel iwwert fréier Evenementer reflektéiert, wéi awer och de Wee vun der EU no vir weist.

Deemno konnte mer d’Ried vum Ursula von der Leyen live kucken an duerno un enger Diskussiounsronn deelhuelen fir eis iwwert hir Stäerkten a Schwächten ze ënnerhalen. Den Event u sech war immens lieweg a positiv – et huet sech alt nees gewisen, wéi wichteg europäeschen Zesummenhalt ass. An der Ried huet de Philippe Schannes virun allem ze kritiséiere gehat, datt déi schlecht Migratiounspolitik vun deene leschte Joren net wierklech ernimmt gouf (mir loosse weiderhin Leit um Mëttelmier stierwen an afrikanesch Länner wéi z.B. Libyen ginn am Moment vun der EU bezuelt, fir Refugiéen, déi bei d’Mëttelmier wëllen, scho virdrun opzehalen) an dofir och keng Léisungen ugebuede goufen. Donieft huet de Philippe Schannes och erwähnt, datt d’von der Leyen schäinhelleg doran war, datt se näischt doriwwer gesot huet, datt hir eege konservativ Partei géint d’Nature Restoration Law gestëmmt huet (obwuel si esou eng gréng Agenda verteidegt). Dëst wär eng gutt Geleeënheet gewiescht, hire Parteikolleegen an d’Gewëssen ze schwätzen.

Trotzdeem huet de Philippe Schannes d’Ried gelueft, déi immens optimistesch an idealistesch war, an an där et dorëms goung, d’EU z’erweideren, d’Ekonomie ze stäerken an d’Jugend ze fërderen.

D’Positioun vu Volt Europa zur Ried fannt dir hei:
SOTEU 2023: A Laundry List of Non-Legislative Proposals

Mir soen der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg Merci fir dee léiwen Empfang, am besonneschen hirer Cheffin dem Anne Calteux an deem gesamten Team.