Philippe Schannes iwwer sozial Froen an der EU an engem Interview mat 100,7

Wat muss sech an der Europäescher Unioun änneren, fir datt de Bierger op sozialem Niveau méi effikass gehollef ka ginn? Dës Fro stoung am Zentrum vun der zweeter Table ronde zu den Europawalen um 100,7. Jeeweils ee Vertrieder vun der LSAP, Volt, der KPL an de Pirate ware mat dobäi.

10. Mee 2024

Beim Rick Mertens am Studio waren den Ali Ruckert (KPL), Marc Angel (LSAP), Raymond Remakel (Piraten) an de Philippe Schannes (Volt).

Een EU-wäit bedéngungsloost Grondakommes?

Déi paneuropäesch Partei Volt trëtt bei den Europawalen iwwerdeems dofir an, e bedéngungsloost Grondakommes fir d’Bierger an der EU anzeféieren. Mee wéi vill soll all Bierger op déi Manéier ausbezuelt kréien? Dat war d'Fro un de Volt-Kandidat Philippe Schannes. 

“Eis Propos ass, datt et en negative Steiersystem soll sinn. Dat heescht: Een, deen ënnert engem gewëssen Akommesseuil läit, datt een dann amplaz Steieren ze bezuele, Sue kritt. Wéi vill? Do hu mir an eiser Propos stoen, datt an all EU-Land mindestens 500 Euro sollten ugeduecht ginn."

Mee dat kéint een awer net alles iwwer ee Kamm schären, betount de Philippe Schannes. Et misst een dat Ganzt regional kucken an un déi entspriechend Conditiounen upassen.

Den Interview fannt dir um Site vum 100,7.