Eis Iwwerleeungen zu de Walresultater an eis Pläng fir d'Zukunft

Volt Lëtzebuerg erkennt un, dass eis lokal Resultater bei den EU-Wahlen zwar besser hätten ausfalen kënnen, mä mir sinn awer trotzdem optimistesch an houfreg op eis Leeschtung. Mir wëllen all deenen, déi un de Volt-Projet gleewen, vun Häerze Merci soen. Är Ënnerstëtzung an äre Glawen un eis Visioun sinn et, déi eis virubréngen.

12. Jun. 2024

Volt gewënnt 5 Sëtz am Europäesche Parlament

Volt huet mat engem staarke Resultat a ganz Europa insgesamt fënnef Sëtz am Europäesche Parlament krut, zwee Sëtz an Holland an dräi Sëtz an Däitschland. An deenen zwee Länner hu mir mat eisen Resultater e Sëtz virun de rechtsextreme Parteie krut an esou eise Succès bei der Fërderung vun enger integrativer Demokratie bestätegt, dat géintiwwer enger Politik, déi just drop aus ass, ze splécken.

A 15 Länner hun iwwer 1,4 Millioun europäesch Bierger*innen hir Stëmm fir d’Visioun vu Volt ofginn. Mir sinn immens stolz op dëst Mandat, dat en kloren Appell fir Reformen an Erneierung am Häerz vum europäesche Projet ass.

Eis nei gewielte Deputéiert vum Europäesche Parlament sinn:

  • den Damian Boeselager (Däitschland)

  • d'Nela Riehl (Däitschland)

  • den Reinier van Lanschot (Holland)

  • d'Anna Strolenberg (Holland)

  • den Kai Tegethoff (Däitschland)

The 5 MEPs from Volt inside of the European parliament, three in front sitting on a couch, two standing behind them.Dës fënnef Deputéiert wäerten am Europäesche Parlament onermiddlech zesumme schaffen, fir d’Visioun vu Volt ze fërderen. Si setzen sech a fir e méi staarkt, méi integréierend an e wierklech demokratescht Europa, dat déi grouss Erausfuerderunge wéi de Klimawandel, déi wirtschaftlech Erneierung an d'Sécherheet duerch eenheetlech, op Fakte baséiert politesch Mesüren ugeet.

Volt ass keng national, mä eng europäesch Partei. Mir hu keng hollännesch oder däitsch Sëtz. Mir hunn europäesch Sëtz am Europäesche Parlament. Den Damian, d'Anna, de Reinier, d'Nela an de Kai vertrieden alleguerten d'Membere vu Volt Europa.

Iwwerleeungen zur lëtzebuergescher Campagne

Politik iwwer Mënschen

Bei Volt si mir grondsätzlech der Meenung, datt eng gutt Regierung doduerch entsteet, datt mer der Politik Prioritéit virun eenzele Perséinlechkeete ginn. Dëse Konzept ass vläicht zu Lëtzebuerg onkonventionell, mä et weist par excellence eis Grondwäerter vun der rationeller, léisungsorientéierter Entscheedungsbildung, an dat zum Wuel vun allen Europäer*innen.

Bréifwal

Eng grouss Erausfuerderung, déi eis wärend dëser Campagne opgefall ass, ass den Zäitpunkt vun der Bréifwal zu Lëtzebuerg. Vill Wieler*innen hunn hir Stëmm virun dem Héichpunkt vun de Campagnenaktivitéiten ofginn, wat eis weist, datt den Zäitplang vun der Campagne iwwerschafft muss ginn, fir och sécherzestellen, datt all Wieler*in Zougang zu ausgibegen Informatiounen huet, iert se hir Entscheedung treffen.

Exclusioun vun net-lëtzebuergesche Wieler*innen

Et mécht eis Suergen, datt d'Net-Lëtzebuerger*innen ëmmer nach ausgegrenzt ginn. Dëse Problem, dee mir an eiser Klo bei der ALIA och ervirgehuewen haten, ënnersträicht alt nees d'Noutwendegkeet fir d'Aart a Weis, wéi dës Wieler*innen informéiert ginn, z'iwwerschaffen. Et muss ee sécherstellen, datt alleguerten d'Awunner*innen a vollem Ëmfang iwwert déi relevant Informatioune verfügen an um Walprozess deelhuele kënnen. Wann dat net de Fall ass, sollten déi ëffentlech-rechtlech Medie mat den néidege Mëttel ekipéiert ginn, fir dëser Flicht zur Informatioun nozekommen - an dës Flicht gëllt vis-à-vis vun der gesamter Bevëlkerung, an net nëmme vis-à-vis vun deene Bierger*innen, déi Lëtzebuergesch schwätzen.

Dat selwecht gëllt och fir Debatten, déi op Chamber.tv gewise ginn.

Mir wäerten eis weiderhi fir Reformen asetzen, déi all Awunner*in, net nëmmen de Lëtzebuerger*innen, Informatiounen an eng Stëmm ginn.

Stäerkung vun de Walkampfreegelungen

Et brauch ee streng Virschrëfte fir Walcampagnen, besonnesch an de soziale Medien. D'Stäerkung vum Mandat vun der ALIA fir dës Aktivitéiten ze reegelen ass immens wichteg fir datt d'Wale weiderhi fair an transparent sinn. d'ALIA muss d'Méiglechkeet kréien, wärend dem Walkampf konsequent agräifen ze kënnen. Mir waarden ëmmer nach op eng Äntwert op eis Klo, an hir Relevanz hëlt mat der Zäit no der Wal of. Dowéinst haten englesch- a franséisch-sproocheg Bierger*innen keen Zougank zu relevanten Informatiounen iwwert de Walkampf.