Eise Walspot fir d’Walen 2023

Fir d’Chamberwalen 2023 zu Lëtzebuerg huet Volt elo hire Walspot fäerdeg. De Spot wäert och am Fernseh ze gesi sinn.

28. Aug. 2023

Fir d’Chamberwalen 2023 zu Lëtzebuerg huet Volt elo hire Walspot fäerdeg. De Spot wäert och am Fernseh ze gesi sinn.

De Spot, dee knapps 30 Sekonnen dauert, weist e puer vun eise Kandidat*innen, déi d’Haaptpunkte vun eisem Walprogramm virstellen. Dowéinst geet et dorëms, datt mir déi selwecht Rechter fir jidderee wëllen, well mir wëllen och méi Biergerparticipatioun an all Bierger*in stäerken. Och muss een d’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg endlech mol ugoen, well d’Regierunge vun de leschten 20 Joer hunn et net gepackt, hei eppes ze veränneren – mir bidden an eisem Programm Léisungsvirschléi, déi et zu Lëtzebuerg jidderengem erméigleche sollen, anstänneg wunnen ze kënnen. Zu gudder Lescht wëlle mer innovativ Wëssenschaft fërderen an eng evidenzbaséiert Politik maachen, déi de Klima- an Ëmweltschutz als héchst Prioritéit gesinn. An dat alles ass natierlech just méiglech, wa mir op europäeschem Niveau nach besser matenee schaffen an kooperéieren.

Kuckt Iech eise Spot elo un!