Kanner hunn e Recht op Opklärung

Zu Lëtzebuerg gouf eng Petitioun elo scho vun iwwer 7000 Leit ënnerschriwwen, déi sech ganz kloer géint LGBTQIA+ Mënsche riicht a Contenu iwwer Queerness an de Schoule verbidde wëll – esou eng Aart vun diskriminéierender Zensur ka Volt net toleréieren.

25. Jul. 2024
A child with hair dyed in rainbow colours and wearing a white T-shirt

Volt bekennt sech voll a ganz zu de Mënscherechter, besonnesch deene vu Minoritéiten an der LGBTQIA+ Community. Déi bei der Chamber eragereechte Petitioun N° 3198 ass eng mënscheveruechtend a vëlleg vun Onkenntnes iwwer wëssenschaftlech Fakte gepräägten Haassried, déi sech ganz kloer géint queer Leit riicht – och wa se selwer behaapt, se géif dat net maachen. Well wien d’Opklärung vu Kanner verhënnere wëll, dee wëll och gläichzäiteg verhënneren, datt Kanner eppes iwwert d’Existenz an d’Rechter vun LGBTQIA+ Mënsche gewuer ginn.

Volt ass schockéiert vun deene ville Leit, déi dës Petitioun ënnerschriwwen hunn. D’Begrënnungen, déi ugefouert goufen, weisen e kloert Onwëssen iwwert de Schoul- a Léierprogramm, eng Onkenntnes vun der Psychologie an der moderner Biologie. Mir wëllen op dëser Plaz d’Argumenter vun der Petitioun ee fir allemol debunken a kloerstellen, wéi wichteg d’Erzéiung am Beräich vun der Sexualitéit allgemeng an zu LGBTQIA+ Themen am speziellen ass.

En Debunking vun de Behaaptunge vun der Petitioun

L'introduction de ces thématiques à un âge précoce risque de perturber le développement psychopédagogique des enfants.

➡️ Falsch! Et gi keng Studien, déi iergendeppes an der Aart suggeréieren. Awéiwäit et d’Entwécklung vun de Kanner stéiere kéint, ass och onkloer – schliisslech geet et hei em Fakten, em biologesch a psychologesch Erkenntnisser. Kanner kréien d’Informatioun, datt et nach Saachen ausserhalb vun der predominanter Heteronormativitéit  gëtt. Et suergt genau am Géigendeel fir e méi harmonescht Zesummeliewen, wa Kanner scho vu Kleng un iwwer verschidde Sexualitéiten an Identitéiten opgekläert ginn. Datt dat an enger kannergerechter Form muss geschéien, ass jidderengem kloer – genausou wéi et am Biologiescours verschidde Methoden, dem Alter entspriechend gëtt, fir Kanner bäizebréngen, wéi d’Reproductioun beim Mënsch fonctionéiert.

Datt d’Schoul esou Aféierungen an LGBTQIA+ Sujete soll maachen, gëtt op ville Plaze gefuerdert. Datt d’Léierpersonal engersäits déi sexuell a geschlechtlech Villfalt méi sichtbar maache soll a sech anerersäits net selwer (ongewollt) diskriminéierend verhale, mä géint Diskriminéierung virgoe soll, weisen d’Resultater vun enger Ëmfro vu méi wéi 700 Schüler*innen aus 24 sechst Schouljoersklassen, 26 Cinquièmen a Quatrièmen aus 20 repräsentativ ausgewielte Schoulen aus Berlin (vun all Typ vu Schoul): „Die Mehrebenenanalysen zeigen, wie hilfreich eine Thematisierung sexueller Vielfalt durch die Lehrkräfte ist. In je mehr verschiedenen Jahrgängen und Fächern Lesbischsein und Schwulsein thematisiert wurde, desto besser wussten die Schüler/innen über LSBT Bescheid und desto positivere Einstellungen zu LSBT hatten sie.“ (Ulrich Klocke, 2012)

Un gouvernement [...] devrait exclure l'enseignement de thématiques LGBT des programmes destinés aux mineurs ou de proposer des options permettant aux familles de choisir si leurs enfants y participent ou non.

➡️ Falsch! Leit, déi an der Educatioun schaffen, hu laut der UN-Kannerrechtskonventioun de gesetzlechen Optrag, Kanner an hirer individueller Perséinlechkeetsentwécklung z’ënnerstëtzen, se viru Geforen ze schützen a Benodeelegungen ofzebauen. All Kand, onofhängeg vun der Geschlechtsidentitéit, sexueller Orientéierung oder anere sozialen Aspekter, huet d’Recht op déi fräi Entfaltung vu senger Perséinlechkeet, Participatioun an op e Léierëmfeld, dat fräi vun Diskriminatioun ass. Och d’UNESCO ënnersträicht an hire Principes directeurs internationaux sur l'éducation à la sexualité, datt zu enger ëmfangräicher sexueller Educatioun LGBTQIA+ Sujete gehéieren. Datt eng vollstänneg Sexualitéits-Erzéiung an -Educatioun immens wichteg ass, betount d’UNESCO ëmmer rëm.

Am Secondaire zu Lëtzebuerg ginn LGTBQIA+ Sujeten a ville verschiddene Fächer thematiséiert: Am Biologies- a Sproochecours an och am Fach „Vie et Société“. D’Zil ass et, de Schüler*innen en neutraalt Verständnis dofir ze vermëttelen, wéi d’Welt fonctionéiert. An engem Interview mam L’Essentiel betount de Raoul Scholtes, Professer fir Biologie a President vun der Féduse/Enseignement-CGFP, datt et net akzeptabel wier, dës Themen optional unzebidden. Hie vergläicht dëst mat der Fro, ob Elteren entscheeden dierften, ob Kanner léiere, wou sech de Chile befënnt, nëmme, well si eng aner Meenung hunn. (Marion Mellinger, 2024)

Le rôle principal de l'enseignement public est de veiller à ce que les écoles se concentrent sur l'acquisition des compétences académiques fondamentales.

➡️ Falsch! D’Educatioun an den Enseignement public hunn e gutt Stéck méi Aufgaben, déi haut och esou unerkannt sinn. D’Educatioun soll d’Perséinlechkeet entwéckelen an een erfëlltent Liewen erméiglechen. D’Educatioun soll gutt ausgebilten Experten dem Aarbechtsmarché zur Verfügung stellen an eis Ekonomie konkurrenzfäeg halen. D’Educatioun soll de Fridden an d’Demokratie sécheren an eist kulturellt Wëssen iwwer Generatioune weiderginn. An deem Sënn ënnerläit eng pädagogesch Institutioun och just dem wëssenschaftlechen an ethesche Konsens. Si kann net op privat Usiichten, Meenungen, Glawen oder Relioune vun deenen Eenzelne Rücksicht huelen, wann een deen Ament riskéiert, géint d’Fakten ze goen – dat entsprécht net dem Educatiounsoptrag vum Staat. Sou mussen z.B. – op d’mannst an deene meeschten europäesche Länner – all Meedercher, onofhängeg vun hirer Relioun, beim Schwammcours matmaachen, all Kanner léieren am gemeinsame Cours „Vie et Société“ verschidde Weltrelioune kennen (onofhängeg vun hirer eegener Relioun), si befaasse sech an der Biologie mat der mënschlecher Reproduktioun an der Evolutionstheorie, an der Geschicht léiere si op neutral Aart a Weis vun deene schlëmmsten a brutaalsten Ausernanersetzunge vun de Mënschen am 20. Joerhonnert, a si hu schlussendlech Enseignantë mat deenen ënnerschiddlechsten Nationalitéiten, Hautfaarwen, Sexualitéiten, Geschlechter a reliéise Konfessiounen. Een x-belibegt Thema erauszepicken an ze verdäiwelen, nëmme well et engem perséinlech net passt, ass net nëmmen Ignorant, ma och respektlos géigeniwwer deem eegene Kand.  Well anescht, wéi et verschidde Leit duerstellen, gëtt an eise Schoulen opgekläert, net indoktrinéiert. E Verbuet wier vergläichbar mat Bicherverbrennungen – et gëtt net iwwert dat geschwat, wat do ass.

A blonde child holds two hands with the palms facing forward in front of her face. The palms of the hands are painted in all the colours of the rainbow.Firwat déi sexuell Erzéiung zu geschlechtlecher Diversitéit esou wichteg ass

Déi allgemeng Schoulflicht mécht et inevitabel, sexuell a geschlechtlech Diversitéit an de Schoulen ze berücksichtegen. Am Géigesaz zu anere Kontexter kënne Kanner a Jugendlecher der Schoul net entkommen a verbréngen e groussen Deel vun hirer Zäit do. Eng feindlech oder Ignorant Atmosphär beanträchtegen dowéinst hir Wuelbefannen, hire Léiererfolleg an hir allgemeng Chancen, eng gutt Educatioun ze kréien. Gläichzäiteg bitt d’Schoulflicht déi eenzegaarteg Geleeënheet, jiddwer Mënsch op d’mannst an engem bestëmmten Alter z’erreechen. Wann eng Gesellschaft Virurteeler an Diskriminéierung wëll ofbauen an d’Akzeptanz fir Diversitéit wëll fërderen, da muss een aleng aus pragmatesche Grënn an der Schoul domadder ufänken. Enseignanten an aner pädagogescht Fachpersonal hunn dowéinst eng besonnesch Verantwortung géigeniwwer LGBTQIA+ Jugendlechen. „Empirische Studien belegen, dass bestehende Geschlechterstereotypen Kinder in ihrer Entwicklung behindern.“ (Petra Focks, 2022)

Dobäi kënnt, datt dësen absurde Sträit wéinst perséinlecher Intoleranz um Réck vu queere Jugendlechen ausgedroe gëtt. Well déi sinn nach méi wéi all déi aner Jugendlecher vu mentale Problemer geplot – opgrond vun Intoleranz an Onverständnis vu Gläichaltregen. D’Heteronormativitéit zwéngt queer Jugendlecher dozou, sech selwer nach méi a Fro ze stellen, wéi dat jonk Erwuessener souwisou scho maachen, an et féiert méi heefeg ewéi bei cis/hetero Jugendlechen zu Depressiounen oder Suizid. „LGBTQ+ young people are more likely than their peers to experience a mental health difficulty and may be less likely to draw on specialist support due to fears of discrimination.“ (Town et al., 2022)

An d’Schoul ass dobäi enorm wichteg: „Present data highlights that LGBTQ youth are at a heightened risk for numerous health and educational concerns. Such concerns can be attributed to a […] lack of school curricula and policies that value LGBTQ diversity, and the existence of overall hostile and exclusionary school climates. The level of warmth and positivity in a school environment can positively impact LGBTQ students’ experiences and their subsequent health and educational outcomes.“ (Leung et al., 2022)

Et ass der Schoul hir Aufgab, grad well se eng därmoosse wichteg Institutioun fir jonk Mënschen ass, fir d’mental Gesondheet vun all hire Schüler*innen ze suergen an eis Wäerter vun der Toleranz, de Mënscherechter an der Mënschewürd ze vermëttelen. „Lehrkräfte und andere pädagogische Fachkräfte haben [LGBTQIA+ Kindern] gegenüber eine besondere Verantwortung, weil sich Kinder und Jugendliche aufgrund der Schulpflicht einer möglicherweise abwertenden oder ignoranten Atmosphäre in der Schule nicht entziehen können. Darüber hinaus können alle Kinder und Jugendlichen in der Schule erreicht werden, um etwas über die Situation von LSBTI* zu lernen und auch andere Arten, zu leben und zu lieben, akzeptieren zu können.” (Ulrich Klocke, 2020)

Wa mer der Schoul d’Recht ofschwätzen, iwwert Diversitéit ze schwätzen, sou begruewe mir och eis Wäerter vun der Toleranz, der Oppenheet, der Menschewürd. Volt wäert dës Wäerter ëmmer verteidegen a fir eng fräi Gesellschaft, ouni Zensur, vu politescher Fräiheet an ouni Indoktrinéierung astoen. All Kand, ma all Mënsch huet e Recht op Opklärung. E Recht op Educatioun. E Recht op Wëssen. An d’Schoul ass dat wichtegst Organ, fir dës Rechter ze verteidegen.

Zu gudder Lescht wollte mir nach op déi exzellent an exhaustiv Publikatioun „Let’s Talk about Sex!“ aus dem Joer 2020 vum Gesondheetsministère hiweisen, ee pädagogesche Guide fir Enseignanten.

 

Quellen: