Volt klot bei der ALIA géint RTL wéinst ongläicher Behandlung an de Medien

Nodeems Volt Lëtzebuerg festgestallt huet, datt op den engleschen a franséische Säite vun RTL nëmmen e klénge Choix vun Artikele iwwert d'Europawale publizéiert gëtt, fuerdert Volt Lëtzebuerg eng fair Berichterstattung iwwert d'Europawalen duerch RTL.

22. Mee 2024

Volt Lëtzebuerg weist sech besuergt iwwert d'Berichterstattung vun den Europawalen op RTL. Obschonns de lëtzebuergeschsproochege Site all Interviewe mat de Kandidat*innen an deene verschiddene Formater publizéiert, gëtt par Conter op der franséischer (infos.rtl.lu) an engleschsproocheg Säit (today.rtl.lu) nëmmen eng Auswiel vun dësen Interviewen offréiert.

Dës selektiv Approche verweigert engem wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, déi aus bal 48% Auslänner besteet, déi Franséisch, Englesch an aner Sprooche schwätzen, de gläichen Zougang zu Walinformatiounen.

Dës Ongläichbehandlung ass net nëmmen ondemokratesch, mee verdéift och weider d'Kluft tëscht de Bierger*innen an der politescher Klass, a verstäerkt domat och d'Gefill vun der Marginaliséierung vun eisen auslänneschen Awunner*innen.

D'Pressefräiheet ass e Grondstee vun eiser Demokratie, genee wéi de politesche Courage, deen néideg ass, fir datt all Bierger*in gehéiert, informéiert a vertruede gëtt. Volt Lëtzebuerg mengt, datt fir dësen demokrateschen Defizit ze behiewen, et essenziell ass, datt all RTL-Sproocheplattformen d'Interviewe mat alle Kandidat*innen op eng eenheetlech Manéier presentéieren. Wann RTL méi Ressourcen brauch fir dëst Zil z'erreechen, sollen déi och zur Verfügung gestallt ginn. Mir mussen dofir suergen, datt eis auslännesch Matbierger*innen an der ëffentlecher Debatt matmaache kënnen an net lénks leie gelooss ginn.

Dofir hu mir eng offiziell Plainte bei der onofhängeger Lëtzebuerger Autoritéit vum Audiovisuel (ALIA) agereecht, fir dës Saach z'ënnersichen an déi néideg Moossnamen ze huele, fir eng fair an onparteiesch Berichterstattung op allen RTL Plattformen ze garantéieren.

Mir ënnersträichen, datt dëst Uleies keen Ugrëff op RTL ass. Mir erkennen hir redaktionell Fräiheet un a gleewen net, datt hir Entscheedung fir bestëmmten Inhalter verfügbar ze maachen an anerer ewechzeloossen, béiswëlleg ass. Mir betounen awer, datt Medien, déi eng ëffentlech Finanzéierung kréien, d'Flicht hunn, fair iwwer all Parteien ze berichten. Mir kämpfen dofir, datt all Medieplattforme méi Ressourcë kréien, och wann et den RTL ass, deen elo hei d'Zil vun eiser Plainte bei der ALIA ass.