Schenge-Marsch: Europäesche Protest géint national Grenzkontrollen
Volt hat gëschter zu Schengem zum Marsch fir oppe Grenzen opgeruff an 250 Leit aus der Belsch, Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg an Holland si komm fir mat ze demonstréieren.
Beim Marsch vu Frankräich iwwert Däitschland bis op Schengen zu Lëtzebuerg gouf géint déi nei agefouerte Grenzkontrolle bannent den europäesche Länner demonstréiert.
De Marsch, ënnerstëtzt vun enger breeder Koalitioun vu Parteien an aus der Zivilgesellschaft (Volt, Verbänn vun de „Junge Europäische Föderalisten“ (JEF), der „Europäische Bewegung“, der Europa-Union, Pulse of Europe, Piratenpartei Rheinland-Pfalz an der PdH) ënnersträicht de groussen Engagement fir d'Erhale vun engem Europa ouni Grenzen, dat Eenheet, Zesummenaarbecht a Fräiheet an de Viirdergrond stellt. Insgesamt hunn 250 Persounen un der Demonstratioun deelgeholl.
An deene sëllege Rieden, déi gehal goufen, hunn d'Gruppe betount, datt d'Grenzkontrolle keng Léisung fir d'Erausfuerderunge vun der europäescher Migratiounspolitik sinn a kritiséieren déi ëmmer méi opkommend populistesch an nationalistesch Rhetorik. Ganz am Géigendeel: Dës falsch Léisung bedrot souguer ee vun deene wichtegste Symboler vun der europäescher Unitéit.
„Mir sinn hei, fir d'Prinzippien vun der Europäescher Unioun ze schützen. Mir wëllen déi riets Narrativer entlarven, déi zu Mainstream-Positioune gi sinn, a mir wëlle weisen, datt d'Iddi vun oppene Grenzen an engem vereenten Europa de Grond fir eisen Erfolleg ass“, erkläert den Europadeputéierte Kai Tegethoff (Volt) a faasst domat d'Zil vum Marsch zesummen.
D'Gruppe si sech doranner eens, datt d'Erausfuerderunge vun der Migratiouns- an Integratiounspolitik just duerch eng gemeinsam europäesch Politik kënne bewältegt ginn.
Schaarf Kritik un der däitscher Regierung kënnt vun der JEF-Presidentin aus Däitschland, dem Melanie Thut: „Däitschland geet mat der Aaxt un e fundamentale Pilier vun der europäescher Integratioun. Däitschland verletzt europäescht Recht, de Schengener Grenzkodex. A seng eege Verspriechen: Wou ass et, dat fëderaalt Europa aus dem Koalitiounsvertrag, fir dat mir als JEF sou haart gekämpft hunn?“
No dem Schengener Grenzkodex si Grenzkontrolle just „ënner aussergewéinlechen Ëmstänn“ als „lescht Mëttel“ a mat kloer definéiertem Uleies zoulässeg. Déi pauschal Grenzkontrollen duerch Däitschland, Frankräich an Holland ginn deem net gerecht. Si treffen alleguerten d'Leit, besonnesch déi, déi no bei der Grenz wunnen, ma och Leit op der Reess, Frontalieren, oder international Student*innen oder Schüler*innen ginn an hirem Alldag an an hirer Fräizäit ageschränkt – a si mierken et! Dës Grenzkontrolle verursaachen awer och ekonomesch Aboussen duerch ee Grenzverkéier, deen ëmmer méi schwéier a komplizéiert gëtt.
De Philippe Schannes, Co-Präsident vu Volt Lëtzebuerg, huet d'Wichtegkeet vum Schengener Ofkommes fir Lëtzebuerg ervirgehuewen: „Oppe Grenzen hunn eist Land zu deem gemaach, wat mir haut sinn. Lëtzebuerg ass Europa, brauch Europa a mir als Volt Lëtzebuerg wäerten déi europäesch Beweegungsfräiheet ëmmer verteidegen. An enger Zäit, wou eis Gesellschaft duerch de Populismus ëmmer méi gespléckt gëtt an doduerch d'Fundament vun eiser Unioun an d'Wackele geréit, ass et eis Flicht, déi europäesch Iddi vun der Eenheet an der Zesummenaarbecht héich ze halen. Mir mussen zesumme fir een Europa ouni Grenzen antrieden, fir een Europa vum Fridden, vum Wuelstand, der Fräiheet a vum Progrès.“
📷 Photos by Thorsten Janz (@photogenitaet)